Och wa si an de 70er Joren duerch de Film berüümt gouf: den Theater war hir ëmmer méi wichteg, esou wichteg wéi hiert Liewen, schreift d'Angela Winkler an hirem autobiographesche Buch "Das Blaue Zimmer".
Den 3. Mee war déi 1944 gebueren däitsch Actrice an der Abtei Neimënster, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner. Do virdrun hat d'Angela Winkler sech e puer Stonnen Zäit geholl fir en Interview mam radio 100,7.