Bekannt ginn ass d'Kate Beaton mat hirem Webcomic "Hark! A Vagrant", dee si iwwer zéng Joer gezeechent huet a fir dee si sëllegen Auszeechnunge krut.
Elo huet d'Kënschtlerin eng éischt Graphic Novel verëffentlecht. "Ducks: Two Years in the Oil Sands" ass bei Drawn + Quarterly erauskomm an en autobiographescht Wierk. D'Kate Beaton huet mat 21, 22, virun hirer Karriär am Comic, zwee Joer op den Uelegfelder an Alberta am Weste vu Kanada geschafft. Dat ass d'Zäit, op déi si an dësem Buch zeréckkuckt.
Wéi et iwwerhaapt dozou koum, erzielt d'Zeechnerin um Ufank vum Buch. D'Kate Beaton ass op Cape Breton Island am Nordatlantik opgewuess, eng Plaz, déi wirtschaftlech scho laang net méi floréiert.
Hire Studium vun der Geschicht an der Anthropologie konnt si sech just mat engem Prêt finanzéieren. U sech wëllt déi jonk Fra dono am Kultursecteur schaffen, mee do sinn d'Salairen esou niddreg, datt si hire Prêt nach laang net zeréckbezuele kann.
Esou decidéiert d'Kate, wéi och vill aner Awunner vun den ëstleche kanadesche Provënzen, an de Weste schaffen ze goen, wou een - anscheinend - op den Terrainen, wou Uelegsand ofgebaut gëtt, schnell zu vill Sue kënnt, an dat ouni speziell Qualifikatiounen. De Rescht vun den ëmmerhin iwwer 400 Säite vun "Ducks" erzielt dann, wat d'Heldin do erlieft huet.
Eng Parallelwelt héich uewen a Kanada
D'Autorin beschreift fir d'éischt emol e Mikrokosmos, dee komplett ronderëm d'Aarbecht an der Uelegindustrie opgebaut ass, eng Plaz héich uewen an de Bëscher, déi isoléiert vum Rescht vun der Welt ass. D'Kate lieft am Ufank an enger klenger Stad, vun där aus si all Dag mam op Bus d'Aarbecht fiert, eng Stad, déi ouni d'Industrie net existéiere géif. Spéiderhi wunnt si direkt um Terrain vun enger Uelegfirma an enger Zort Containerduerf, wou si nach eng Kéier méi ofgekapselt ass a wierklech an enger Parallelwelt lieft.
De psychologeschen Impakt dovunner, vum villen Elengsinn, vun engem Alldag ouni Frënn a Famill, am deem sech praktesch alles em d'Schaffen dréit, ass ee vun den zentralen Themen. D'Leit gi schnell depressiv an dësem Ëmfeld, esou och d'Heldin.
En plus ass et esou, dass op den Uelegfelder op fofzeg Männer eng Fra kënnt. D'Kate schafft am Lager, wou si Geschier botzt, sortéiert an erausgëtt. Do, wéi och an hirer Fräizäit, erlieft si vum domme Sproch bis zur Vergewaltegung déi ganz Palette vum Sexismus.
Hiren Ëmgang domat ass och ee vu de roude Fiedem vun der Graphic Novel. Am Betrib selwer gëtt et null Sensibilitéit fir Diskriminéierung a sexuell Gewalt, do muss sech d'Kate éischter nach reprochéiere loossen, si hätt sech falsch verhalen. A wann si mol mat enger vun de wéinegen anere Frae schwätzt, héiert si vu ganz änlechen Erfarungen.
Vun der Traumabewältegung zur Dokumentatioun
D'Graphic Novel bitt der Autorin eng Form, dës traumatesch Erliefnesser ze verschaffen, woubäi si iwwer d'ganz Buch betount, dass si keen Eenzelfall ass, souwuel wat d'Situatioun vu de Frae betrëfft wéi och d'allgemeng Situation vu de Leit op de Uelegfelder.
"Ducks" ass aus enger Distanz vu ronn 15 Joer geschriwwen, an déi Distanz hëlleft der Erzielerin sécherlech, hir Erliefnesser vun deemools net nëmmen als hir perséinlech Geschicht ze gesinn, mee och an e gréisseren, systemesche Kontext ze stellen. Esou gëtt "Ducks" bal schonn zu engem dokumentaresche Wierk.
D'Buch ass och e Portrait vun den Aarbechter an der Uelegindustrie, déi an der Reegel zu de gesellschaftleche Verléierer zielen oder, wéi d'Kate, sech probéieren eng Educatioun ze finanzéieren.
No engem Intermezzo, wou déi jonk Fra et net méi aushält an e puer Méint zu Victoria an engem Musée schafft, ier si wéinst de Suen awer erëm an Alberta zeréckkënnt, handelt d'Graphic Novel och nach méi explizitt vun de politescher an ökologescher Dimension vu der Uelegindustrie. D'Heldin schafft elo um Büro, op engem Computer mat Internet-Accès, a krit dofir méi mat vu der Welt dobaussen.
Si léiert zum Beispill, dass hir Firma an Ëmweltverschmotzungskandaler verwéckelt ass, oder dass den Terrain, op dem gebaggert gëtt, och vun der indigener Populatioun reklaméiert gëtt. Esou gëtt sech d'Kate allgemeng méi bewosst iwwer déi donkel Säite vun dëser Industrie an hirem Verspriechen, schnell vill Suen ze verdéngen. Iwwregens staamt den Titel "Ducks" och aus dësem Kontext: Eng Pressefoto vun Inten, déi an engem verdrecksten Dëmpel leien, gëtt zur Metapher fir d'Situatioun vun der Kate a hire Mataarbechter*innen, déi quasi am Uelegsand stieche bleiwen.
E bedréckend Gesamtbild
Beim Stil mierkt een, dass d'Kate Beaton laang Joren am Webcomic aktiv war. D'Zeechnunge sinn einfach, d'Figure wéi aus engem Cartoon an d'Säite ganz reegelméisseg a rechteckeg Casen opgedeelt. D'Autorin schafft vill mat kuerzen, pointéierten Episoden, déi dacks net méi wéi eng Säit laang sinn. Et ass kee Buch, dat direkt ukloen an opkläre wëll, obwuel et dramatesch Zeene wéi Vergewaltegunge gëtt an d'Atmosphär ëmmer eng bedréckend ass.
Hiren Effet erreecht d'Graphic Novel iwwer d'Gesamtbild, dat vill kleng, onscheinbar Momenter aus dem Alldag iwwer 430 Säiten erginn. Esou gëtt een och an d'Situatioun vun der Kate eraversat, déi am Ufank ganz naiv op d'Uelegfelder kënnt an no an no eréischt entdeckt, op wat si sech eigentlech agelooss huet.
Insgesamt ass "Ducks" e villsäitegt an nuancéiert Wierk, dat ee mathëlt, well et präzis déi ënnerschiddlechst Forme vun Exploitatioun beschreift - vun der Natur, vun de Mënschen, vu sech selwer. Wann een et zouspëtze wëll, kéint ee soen, et ass eng Graphic Novel, déi weist, wéi #meetoo a Klima-Kris zesummenhänken.
Grad déi Plakativitéit erlaabt sech d'Kate Beaton awer net. Si geet subtil fir, hält sech zeréck a léisst hir Biller fir sech schwätzen, an domat ass"Ducks: Two Years in the Oil Sand"s ee vun de Highlights vun der Saison.