Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dogs, eng schwéierfälleg Aventure

CinEast 2016

Dogs, eng schwéierfälleg Aventure

Wéi en Hond deen op Spueresich ass, flitt d’Kamera iwwert e Feld a kënnt ëmmer méi no un de Buedem, bis si an der Mëtt vun engem Weier op een ofgebassene Fouss stéisst. Dat ass déi éischt Scène am rumänesche Realisateur Bogdan Mirica sengem Film. "Dogs" erzielt vun engem privilegéierte Stater, deen déi wëll rumänesch Landschaft entdeckt.

auto_stories

3 min

Dogs. Foto: BAC Films

An der éischter Zeen vun "Dogs" stéisst een op een ofgebassene Fouss. Dëse Fouss symboliséiert den Zerfall vun engem mafiöse System a Rumänien an e setzt de Kader vum Film. De Roman, gespillt vum Dragos Bucur, huet viru kuerzem e Bauerenhaff mat engem grousse Stéck Land vu sengem Grousspapp geierft. Elo wëllt de privilegéierte Bukarester séier Profit maachen an dës Terrainen, déi iergendwou an der Pampa bei der bulgarescher Grenz leien, verkafen.

Dem Roman säin Tripp aus der Groussstad op d’Land gëtt anescht wéi erwaart. Säi Kolleg, deen him bei der Vente sollt hëllefe verschwënnt op eng mysteriés Art a Weis. De Bukarester gëtt ëmmer méi Mësstrauesch vis a vis vun de Männer, déi fréier ëmmer fir säi Grousspapp geschafft hunn an him ofroden d’Land ze verkafen. Vill Hëllef kann de Roman sech och net vun der korrupter Police, wéi een si aus der aler kommunistescher Zäit kennt, erwaarden.

Dobäi muss een erwänen, datt de Roman och nach een Hond geierft huet, dee sech “Polizei” nennt - eng Schlësselfigur am Film, déi op där enger Säit weist, a wiem d’Mënschen am Duerf déi richteg Autoritéit gesinn. An zwar a wëlle Kreaturen.

Aflëss vum Lynch an de Coen-Bridder

De Film huet eppes vun de Coen-Bridder hirem "No country for Old Men" an erënnert un dem David Lynch säi "Blue Velvet", an deem een zwar kee Fouss am Waasser fënnt, mee dofir en Ouer am Gras. Déi äiskal Espacen an déi onmoosseg Hëtzt kreéieren eng pechesch Atmosphär, vun där den David Lynch net wäit ewech ass.

De Spectateur gëtt am Mirica sengem Film net duerch Musek ofgelenkt. De Film ass ee Mix aus Western, Horror a Film noir, deen de Spectateur eng Zäit laang am Onklore léist. Virun allem well d’Gesiichter alleguerten duerch terroriséiert an aggressiv Ae kucken.

Langweil net ausgeschloss

Séier mierkt een awer, datt den Ufank vun "Dogs" net dat hält wat e versprach huet. Bei der Mise en Scène feelt et u staarken Amenter. D’Längt vum Film dréit dozou bäi, datt ee sech langweile kéint. An do kënnen och déi wonnerschéin an hyperstiliséiert Opnamen näischt drun änneren. "Dogs" ass eng schwéierfälleg Aventure am Déifste vun Osteuropa déi mat Amenter awer Angscht mécht.

Zu Cannes gouf dem Bogdan Mirica säi Film mam "Prix de la critique" an der Kategorie "Un certain Regard" ausgezeechent.


Zu Lëtzebuerg leeft de Film an der Haaptkompetitioun vum Cineast Filmfestival.