Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nation Of Language - Sightseer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dido & Aeneas": Vu barock-surrealer Schéinheet

Emmanuelle Haïm a Franck Chartier

"Dido & Aeneas": Vu barock-surrealer Schéinheet

Grouss Gefiller an imposant Bünebiller sinn genee dat, wat ee sech vun enger barocker Oper zurecht däerf erwaarden. Am Grand Théâtre ass elo dem Henry Purcell seng Oper "Dido & Aeneas" ze gesinn, an där Musek, Danz an opulenten Dekor verschmëlzen. De Romain Butti war kucken.

auto_stories

2 min

Ënner der musikalescher Leedung vun der Emmanuelle Haïm a choreographéiert vum Franck Chartier vum Danzkollektiv "Peeping Tom" ass "Dido & Aeneas", déi sech dem Henry Purcell seng barock Oper virgeknäppt huet, eng Produktioun, déi sech eng grouss Opulenz erlaabt, an där d'Kierperlechkeet a grouss Gefiller mat engem iwwerschwänglechen Dekor an d'Luucht gehuewe ginn, an an där den Humor op eng ausbalancéiert Tendresse stéisst.

Erzielt gëtt vun der Kinnigin vu Karthago, der Dido, déi den trojaneschen Held Aeneas gären huet an an d'Verzweiwlung stierzt, wéi si vun him verlooss gëtt.

Detailräichtum an all Wénkel

Besonnesch am éischten Akt fënnt een eng gefleegten Eleganz. E barocke Schick, faarweg-gestelzt, an an all Wénkel vun der Bün Detailer an Danzsequenzen, déi een sech net wëll entgoe loossen.

Duerch grouss Fënstere schéngt Dagesliicht, an dem Purcell seng immens räich Musek haalt duerch den imposante Salon, an deenen déi grouss Gefiller genuch Plaz hunn, sech bis ënner de Plaffong ze strecken.

Am Pomp lafe verschidden Elementer Gefor, bal schonn ënnerzegoen - gebrach gëtt dat mat mat Momenter ganz witzege Passagen. Fir ëmmer mol erëm Loft ze huelen, gëtt d'Zäit op der Bün gären emol am ralenti gespillt, an et gëtt konsequent mat den Erwaardunge vum Spectateur gebrach - de Gesang, den Danz an d'Handlung fannen awer ëmmer stëmmeg zesummen.

D'Schéinheet vum Surrealen

De leschten Akt setzt virun allem optesch nach eemol een drop: Op der Bün entfaalt sech en däischter-bal-geeschterhaaften dekoréierten Tableau, an ob hei nach esou stringent erzielt gëtt wéi um Ufank sief dohigestallt.

Duerch d'Fënsteren, de Plaffong, d'Ritze vun de Maueren stréimt Sand eran, iert sech de Fond ganz opmécht an nach eng weider Dimensioun bäikënnt - dëst an der Optik vum Surrealen, déi op der Bün an all Hisiicht begréisst gëtt.

D'Gefiller ginn hei am barocke Stil beharrlech a gewalteg ugezunn. D'Performance vun de Kënschtler si staark e captivant - allen virop de Sängerinnen Eurudike De Beul, déi de wuel stäerkste Lien tëschent de ville verschiddene Stëmmungsbiller op der Bün duerstellt, der Schwäizer Sopranistin Marie-Claude Chappuis an der Sopranistin Emöke Baráth aus Ungarn.

Et ass e grousse Pleséier, den Ensembel an dësem ganz wonnerbaren Owend bis zu der leschter Nout ze suivéieren.