Radioen

On air

Notturno  |  Lonnie Holley & Moor Mother - I Am A Part Of The Wonder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Denkmalschutz fir modern Gebaier?

Patrimoine

Denkmalschutz fir modern Gebaier?

Am Moment steet um Immobiliemaart en nationaalt Monument zum Verkaf: D'Audry Haus zu Stengefort. Et ass dat jéngste Gebai, dat bis elo zu Lëtzebuerg de Statut vum Monument national krut. An et steet symbolesch fir d'Fro, wéi am Denkmalschutz mat rezente Gebaier muss ëmgaange ginn. Wéi al muss e Gebai sinn, fir datt et schützenswäert ass?

auto_stories

3 min

D'Maison Audry ass am organesche Stil gebaut.

D’Maison Audry gouf 2010 als Monument National klasséiert. D'Gebai ass awer net dat, wat ee sech ënnert dem Begrëff "Patrimoine" virstellt. Et ass ee privat Wunnhaus, dat tëschent 1967 a 1969 gebaut ginn ass. Also an der zweeter Phase vun der internationaler architektonescher Modernitéit. D'Maison Audry ass awer kee postmoderne Bau: D'Haus fällt ënner d'Kategorie vun der organescher Architektur.

D'Maison Audry steet awer net nëmmen zum Verkaf. D'Haus ass och an der kultureller Aktualitéit: Am Luxembourg Centre for Architecture (LUCA) ass kierzlech eng Ausstellung iwwer den Architekt vun der Baut, den Chen Kuen Lee opgaangen. Am Kader vun de "Journées du patrimoine" vum 23 September bis de 9. Oktober gi Visitte vum Audry Haus ugebueden.

Wéini soll e Gebai geschützt ginn?

D’Maison Audry steet symbolesch fir d'Fro: Wéi steet et ëm d'Erhale vun der Nokrichs- a rezenter Architektur zu Lëtzebuerg? Gebaier a besonnesch privat Haiser kënne ganz séier ofgerappt ginn an domat kënne wichteg Elementer vun der Lëtzebuerger Baugeschicht verschwannen. An der rezenter TNS Ilres Ëmfro iwwer d'Kultur an der Lëtzebuerger Gesellschaft goufen d'Leit gefrot, wat si ënnert dem Begrëff "Kultur" verstinn. "Patrimoine" gouf no "Traditioun" a "Sprooch" am meeschte genannt. Zu deem Patrimoine, deen ënner Kultur verstane gëtt, gehéieren awer net onbedéngt d'Gebaier aus der rezenter Lëtzebuerger Baugeschicht.

Mee ob e Gebai schützenswäert ass, ass keng Fro vun Zäit, wéi ee Beispill aus Norwegen weist: D'Oper vun Oslo zum Beispill ass 2008 opgaangen a gouf 2014 ënner Denkmalschutz gesat. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng zäitlech Grenz, vu wéini u Gebaier dierfe geschützt ginn. Et kënnt also net dorop u, wéi al si sinn. Ee Fall wéi dee vun der Oper zu Oslo, wier also och zu Lëtzebuerg méiglech.

"En intensiivt Gebai"

D'Maison Audry ass dat jéngste Gebai, dat zu Lëtzebuerg ënner Denkmalschutz steet. Firwat d'Gebai schützenswäert ass, erkläert de Michael Koch. Hien huet viru kuerzem eng Monografie iwwert den Architekt vum Audry Haus erausbruecht an huet scho mam Chen Kuen Lee zesumme geschafft. D'Eegenaart vun der Baut, dat wier hire Stil. Et wier eng Variant vum sougenannten organesche Bauen. "D'Iddi dovun ass, datt d'Haus esou fonctionnéiert wéi en Organ am Kierper vum Mënsch." D'Funktioun bestëmmt deemno d'Form vum Grondrëss. D'Audry Haus wier en immens intensiivt Haus, fënnt de Micheal Koch. "De Gaart an d'Gebai gi matenee verknëppt." D'Haus géif anescht ausgesinn, jee nodeem aus wat fir enger Perspektiv een et géing betruechten an et wier vu banne genau esou interessant ewéi vu baussen.

Net nëmme symbolesch

D'Initiativ fir d'Gebai ënner Denkmalschutz ze stelle wier vum Besëtzer selwer komm, erënnert sech de Michael Koch. "Ech hunn eng Expertise gemaach, wat fir e Stellewäert d'Haus am Wierk vum Chen Kuen Lee huet." Vum Architekt stinn an Däitschland scho sechs Haiser ënner Denkmalschutz.

Fir de Michael Koch muss de Label "Denkmalschutz" awer och eng Funktioun hunn. Et dierft net nëmmen e Symbol sinn. Fir Bauhären, Proprietairen an Architekte wier den Denkmalschutz nämlech problematesch. "Et ass mat Restriktioune verbonnen an et dierf ee net alles maachen, wat ee wëll." Den Architektur-Expert fënnt, datt ze vill Gebaier ënner Denkmalschutz gestallt géifen. Et wier wichteg, datt een d'Funktionalitéit vun engem Gebai geséich. "Mir kënnen eis net vu Muséeën ëmginn. Esou eng Landschaft ass keng lieweg Landschaft." Inhalt a Form missten zesumme passen, fuerdert de Michael Koch a kritiséiert datt bei geschützte Gebaier dacks d'Fassad stoe gelooss, an de Recht ofgerappt géif ginn.