Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Iwwerfloss an der reduzéierter Form

Danzkreatioun

Den Iwwerfloss an der reduzéierter Form

Wann een d'Konscht-Stréimungen aus dem Klassizismus an dem Bauhaus géif nieftenee stellen, wieren do nawell vill Kontraster, déi sech géife bemierkbar maachen. Et si genee dës Géigesätz, déi sech déi franséisch Choreographin Marie Gourdain mol méi genee wollt ukucken. Hire Work in progress "Coefficient inconnu" ass den 3. Abrëll am Trois-CL gewise ginn.

auto_stories

3 min

Et brauch een net ëmmer an all Richtunge kucken ze goen, fir Inspiratioun ze fannen. Fir déi franséisch Kënschtlerin Marie Gourdain geet ee Bild duer, fir doraus eppes komplett Neies ze schafen. Déi bildend Kënschtlerin ass och als Choreographin ënnerwee, a fir hire Work in Progress mam Titel "Coefficient inconnu" war den Ausgangspunkt fir d'éischt emol e ganz bekannten Tableau, dee viru méi wéi 200 Joer erstanen ass:

"Je m'inspire du tableau de Jacques-Louis David, "Les Sabines". Mais c'est un point de départ. Je ne cherche pas à illustrer le tableau. C'est une source pour moi, et je me réfère souvent à la peinture, aux images plus généralement, aussi parce que j'ai une formation de plasticienne et pas de danse. J'aime beaucoup analyser les peintures et voir les postures représentées. Nous on fait un art de mouvement, mais le peintre ou le sculpteur arrête le mouvement et choisit chaque pause qui est représentée de manière symbolique et expressive."

Beweegungen an der Zäit afréieren

Besonnesch un engem Tableau ass jo, datt ganz bewosst e prezise Momenter an der Zäit agefruer ginn ass. Déi ënnerschiddlech Theeme kann een dann a Rou op sech wierke loossen. Mee wéi iwwersetzt een all dës Sujeten an eng net agefrueren, beweegte Representatioun op der Bün?

"'Les Sabines' montre une situation juste avant le combat, avant le massacre. C'est l'arrêt dans le temps. Je peux étendre un mouvement en rajoutant des images, des intervalles pour ralentir un mouvement, ou au contraire le réduire en le phasant et en enlevant des intervalles pour qu'un mouvement soit beaucoup plus rapide et franc. Cela m'aide à créer des ruptures temporelles. Je vais m'inspirer d'une image, mais je vais l'exploser dans le temps."

D'Marie Gourdain kuckt net net nëmmen ob d'Period vum Klassizismus. Si fillt sech och ugezu vun der abstrakter Konscht, an zitéiert Aflëss vum Bauhaus. Méi grëffeg gëtt dat ganzt dann, wann d'Marie Gourdain ufänkt, mat Objeten ze schaffen:

"Souvent je travaille avec des principes scénographique des objets. Là je travaille avec des objets que je conçois, des formes très très simples qui font plutôt écho à l'abstraction géométrique."

De Kierper selwer gëtt zum Objet

Leschte Sonndeg sinn Elementer aus "Coefficient inconnu" am Trois-CL gewise ginn. Hei koumen dës Kéier, net wéi erwaart, guer keng verschidde Stoffer a Planchen zum Asaz, mee der Choreographin goung et dës Kéier villméi dorëms, sech op de Mouvement ze konzentréieren. D'Objeten, déi bis ewell dra waren, si ganz aus der Pièce verschwonnen, an de Kierper, als eenzeg Presenz, ass zum Objet ginn. Der Marie Gourdain hire Bléck ass gedriwwe vum Kontrast tëschent der klassizistescher Iwwerschwänglechkeet an enger Form, déi ganz reduzéiert ass:

"J'aime beaucoup le geste de manipulation - comment je déplace un objet, simplement le déplacer, et comment je confronte un régistre gestuel et de mouvements qui évoluent dans l'espace avec des gestes au contraire extrêmement stylisés qui eux sont inspirés justement du classicisme. C'est des courants de peintures qui eux-mêmes sont inspirés de l'art antique, la représentation du corps sublimé. Cette survivances, les gestes, l'expression à travers l'histoire de l'art m'inspire beaucoup pour créer un langage chorégraphique."

D'Marie Gourdain huet zu Lyon d'Compagnie "Matière mobile" gegrënnt. Aktuell ass "Coefficient inconnu" nach e Work in progress, deen am nächste Joer dann seng Première wäert feieren.