Radioen

On air

Resonanzen  |  Scott Joplin - Reflection Rag - Diavolo Chamber Orchestra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den anarchistesche Geescht vum Feierkrop lieft!

Karikatur

Den anarchistesche Geescht vum Feierkrop lieft!

d'Land-Lieser kenne se, déi bësseg Comic strip-Rubrik "Déck Frënn". Woch fir Woch kommentéiert den Duo Skif & Dresch do déi politesch Aktualitéit. Elo läit hir Produktioun aus der Period 2019-2020 a Buchform vir: "Déck Frënn. La Comédie inhumaine" (Editions d'Lëtzebuerger Land).

auto_stories

4 min

Dee fir d'Texter zoustännegen Dresch ass keen aneren ewéi de Jacques Drescher, bekannt als Matbegrënner a Chefredakter vun der Enn 2018 verstuerwener (jo, sou laang schonn ass et hir...) satirescher Wochenzeitung Den Neie Feierkrop. De Skif, alias Moe Skifati, hat sech an der leschter Period vum Krop séier als ee vun deene beschte Karikaturisten an der lëtzebuergescher Presselandschaft duerchgesat. A leschter Zäit ass politesch Karikatur jo eng, op d'mannst hei am Land, leider vum Ausstierwe bedreeten Disziplin ginn...

Schonn deemools am Feierkrop haten de Skif an den Dresch am Tandem zesumme geschafft. Fir d'éischt fir déi laang Serie "Hôtel St. Max" ëm den Ausseminister an agefleeschten Hobby-Vëlosfuerer Jean Quasselborn, déi noeneen an dräi Bänn regroupéiert verëffentlecht gouf. Eng weider Serie, dës Kéier ëm d'Petite Madame de Colmar-Montagne, also d'Grand-Duchesse Maria Teresa, koum a Buchform ënnert dem Titel "A la Cour" eraus.

Splendeurs et misères...

Wéi de Krop dunn um Enn war, huet den Duo Skif & Dresch sech an deemno och den anarchistesche Geescht vun der satirescher Wochenzeitung eriwwer an dat lénks-liberaalt d'Lëtzebuerger Land gerett - zousätzlech bréngt deen an Tëschenzäit pensionéierte Jacques Drescher de politesche Misär vum Land all Woch am Land mat engem Gedicht op de Punkt.

"Déck Frënn" ass also den Numm vun der lafender Comic strip-Serie am Land. D'Produktioun aus de Joren 2019 an 2020 ass am Band "La Comédie inhumaine" zesumme gefaasst.

D'Haaptprotagoniste sinn dës Kéier déi respektiv Cheffe vun der blo-rout-grénger Regierungskoalitioun, déi ëmmer erëm a Form vun enger monstréiser dräikäppeger Gestalt mat déckem Bauch opdaucht a sech, den Ëmstänn entspriechend, aus dem Trio Bettel-Schneider-Braz, Bettel-Schneider-Bausch oder Bettel-Kersch-Bausch zesummesetzt. An engem un d'Stëmmvéi adresséiert Virwuert erklären deem seng déck Kolleegen (ënnert der Fieder vum Jacques Drescher), wat et mat Frëndschaft an der Politik op sech huet:

"In der Politik gibt es eigentlich keine wirklichen Freunde. Sie sind wie die Freunde auf Facebook: Schadenfreude, eingebildete Freunde, aber eben dicke Freunde, die einen bei der erstbesten Gelegenheit fallenlassen und den Stecker rausziehen, wenn die Gunst der Stunde, der eigene Vorteil oder der schöne Schein es erfordern."

Domat ass och schonn de Programm virginn: eng politesch Klass ouni Prinzippien, där hir schéi Rieden an héich idealer permanent am Widdersproch mat hiren Aktioune stinn. An d'Oppositioun kënnt net onbedéngt besser ewech ewéi d'Regierung...

Politesch Opportunisten

Datt Usproch a Realitéit dacks wäit ausernee leien, weist sech am Laf vun de Säiten zum Beispill bei engem Jean Asselborn, gëtt awer besonnesch um Beispill vun Déi Gréng illustréiert. Wann d'Interessie vum Big Business betraff sinn, weist een sech an Ëmweltfroen duerchaus kompromëssbereet, dat heescht géint Mesuren, déi der Ëmwelt zegutt géife kommen. An aus de fréiere Pazifiste sinn äifreg Musterschüler vun der NATO ginn.

De Verdeedegungsminister François Bausch, mat Zaldotenhelm um Kapp, verkierpert wéi keen aneren am Buch dëse politischen Opportunismus - war en dach viru senger grénger Zäit och schonn emol Trotzkist, wourun op enger Plaz erënnert gëtt.

Wéi d'Zäit dach séier vergeet

"Déck Frënn. La Comédie Inhumaine" léisst déi grouss politesch Dossiere vun der Period 2019-2020 Revue passéieren, mat de politeschen Acteure vum Moment an aneren, déi, wéi de Jean-Claude Juncker, och nach dorëmmer geeschteren. A wa mer scho bei der CSV sinn, da mierkt een, wéi séier d'Zäit dach vergeet: hei erliewe mer tatsächlech nach e Frank Engel als Parteipresident...

An der zweeter Hallschent ass et natierlech de Covid an en neie Personnage, deen op der Bün vum politeschen Theater optrëtt: d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, mat Dauergrinsen am Gesiicht an Hellegeschäin iwwer dem Kapp. Bei der Monarchie, déi vun hirem Wiesen hir éischter op Kontinuitéit setzt, bleift alles beim alen, oder bal...

An engem Joer kréie mer vläicht, wie weess, d'Joren 2021 an 2020 kompakt a Buchform zerwéiert. Bis dohinner kann een sech schonn emol den éischte Band ënnert de Chrëschtbeemche leeë loossen. "Déck Frënn. La Comédie Inhumaine" vum Duo Skif & Dresch, ass bei den Editions d'Lëtzebuerger Land erauskomm.