Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Delphine Munro nei Presidentin vum Casino

Konscht

Delphine Munro nei Presidentin vum Casino

De Verwaltungsrot vum Casino – Forum d’art Contemporain - gouf erneiert a vergréissert. D’Delphine Munro vun der Europäescher Investitiounsbank gëtt nei Presidentin. Den Verwaltungsrot gouf vun fënnef op siwe Memberen erweidert.

auto_stories

2 min

Foto: benjamin loyauté studio / photo by Dylan Perrenoud

D'Delphine Munro ass Konschthistorikerin a geréiert der Europäescher Investitiounsbank hir Kollektioun vun zäitgenëssescher Konscht. Si iwwerhëlt d'Presidence vum Verwaltungsrot vum Paul Reiles.

De Conseil d’Administratioun vum Casino gouf vu fënnef op siwe Membere vergréissert. Wéi den Direkter vum Casino, Kevin Muhlen, eis sot, hätt een och wëlle Leit mat eranhuelen, déi net aus engem Ministère kommen. Nieft der Delphine Munro, vun der EBI, gouf dofir och d’Begga Sigurdardottir vun der Consulting Firma PwC mat an de Conseil geholl. Si wier passionéiert vu Konscht, seet de Kevin Muhlen. D’Begga Sigurdardottir hat och schonn d'Konschtgalerie Bergman Berglind zu Hollerech opgemaach.

Vun de fënnef Vertrieder aus de verschiddene Ministèrë sinn der just zwee aus dem ale Verwaltungsrot, déi bleiwen: D’Claudine Hemmer aus dem Kulturministère an de Jean-Marie Haensel aus dem Finanzministère.

Nei dobäi kommen aus dem Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère de Jean Leyder, Direkter vun de Bâtiments Publics, d’Anne Greiveldinger aus dem Staatsministère an d’Gosia Nowara, Conservatrice vum Nationalmusée.

Kevin Muhlen, artisteschen Direkterplay_arrow