"Ja vas ljubil" - ech hat iech gär, ass e russescht Lidd an Deel vum Repertoire vum Duo Borisowitsch a Jhang. Wann dës Romanz awer enger Gäns gëllt, enger Gäns, déi an engem Rollstull sëtzt, well se bei engem gemeinsame Bad mam Jhang e klengen Accident hat, op der Bün schnaddert, mol beleidegt am Rollstull hien a hier rennt, mol ganz verléift mam Jhang am Duett séngt, da weess een, datt hei klassesch Musek op total absurden Humor trëfft.
Kee klassesche Lidderowend
Et ass elo déi sechste Kéier, datt den Duo Denis Ivanov um Piano an de Jean Bermes, Gesang mat hirem musikalesche Kënnen a kromme Witz de Publikum begeeschteren. Eng Inzenéierung ronderëm d'Léift fir dës Gäns, déi de Kënschtler Menny Olinger konzipéiert a realiséiert huet.
Wéi eng Witzer ronderëm eng Gäns gemaach ginn, muss hei net erläutert ginn. Datt déi Witzer och net immens héich fléien, ass zimmlech kloer, mee am Zesummespill mat russeschen, däitschen a franséische Lidder aus der Romantik, der Musek vun Tschaikovsky, Rachmaninov, Liszt a Strauss, dem Bermes senger impressionanter Bassbariton-Stëmm an dem perfekte Pianospill vum Denis Ivanov läit de Publikum flaach vu Laachen.
Déi zwee Kënschtler hunn eng beandrockend Bünepresenz an et geléngt hinnen all dëse Lidder iwwer d'Léift eng nei Bedeitung ze ginn. De Kitsch an den Drama ginn entschäerft andeems domat gespillt gëtt -op emol reent et virtuell Rousen oder dramatesch Film-Zeene ginn ageblennt. Der Schéinheet vun der Musek gëtt awer näischt ewech geholl.
Et kann ee wierklech net vun engem klassesche Lidderowend schwätzen, wann de Jean Bermes just nach am Slip an engem Schiertech der Pandemie eng nei Bedeitung gëtt, wann tëschent an zu all Stéck eng Geschicht erzielt a gespillt gëtt.
Op alle Fall ass dës Produktioun vun der Kopla Bunz asbl eng Geleeënheet en entspaanten, witzegen an awer usprochsvollen Owend ze genéissen.