Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi zwee Liewe vum Karl Kling

Matthias Lehmann, Parallel

Déi zwee Liewe vum Karl Kling

A sengem Wierk "Parallel" erzielt den däitschen Zeechner Matthias Lehmann d'Geschicht vum Karl Kling, deen als schwule Mann an der Nokrichszäit gezwongen ass, en Duebelliewen ze féieren.

auto_stories

3 min

Iwwer 450 Säiten zeechent de Matthias Lehmann a senger Graphic Novel Parallel d'Liewe vum Karl Kling oder, besser gesot, seng zwee Liewen. Den Held kënnt aus dem zweete Weltkrich zeréck, gëtt bestuet, kritt e Kand, schafft an enger Fabrick a geet mat sengen Aarbechtskolleegen no Feierowend op den Tour.

Am Konflikt mat Gesetz a Famill

Dat ass, virum Hannergrond vun Opbau a Wirtschaftswonner, en typesche Liewenslaf aus der däitscher Nokrichszäit. Mee de Karl Kling huet ebe parallel dozou nach en anert Liewen. Hien ass heemlech schwul, trëfft sech mat anere Männer um Séi oder am Park a geréit dowéinst net nëmme mam Gesetz a Konflikt - Homosexualitéit war an Däitschland bis 1994 strofbar -, mee och mat senger Famill.

De Karl gëtt gescheet, fänkt an der DDR en neit Liewen un, grënnt eng nei Famill a kënnt zeréck an de Westen, mee och dës Kéier kann hie seng zwee Liewen net matenee verbannen. Säin Alldag ass weiderhi gekennzeechent vu Emotiounen, déi hien net weise kann, a vu Wënsch, déi hien net ausschwätze kann. Bis an de Pensiounsalter huet de Protagonist d'Gefill, sech viru senge Matmënsche verstoppen ze mussen, a schummt sech dofir, datt hien net där soi-disant Normalitéit entsprécht, déi si him virliewen.

Parallel erzielt eng ergräifend Geschicht, allerdéngs eng, déi engem wuel bekannt virkënnt. Geschichten iwwer d'Situatioun vu Leit, déi hir Homosexualitéit net oppen ausliewe konnten, iwwer spéit Comingoutten, goufen am Kino, an der Literatur an och am Comic déi lescht Joren net wéineg erzielt. An och de Setting vu Parallel, d'däitsch Nokrichszäit mat der Deelung an Ost a West, ass grad an der Graphic Novel vill thematiséiert ginn.

Eng bekannte Geschicht mat engem neien Aspekt

Déi éischt Fro, déi sech beim Matthias Lehmann sengem Buch stellt, ass also, ob et dem Zeechner gelongen ass, sengem Theema nei, originell Facetten ofzegewannen. Dat kann ee virsiichteg mat Jo beäntwerten. Sécherlech huet ee vill Zeene vum Comic an änlecher Form schonn eng Kéier gesinn, mee besonnesch ass fir d'éischt emol den Aarbechtermilieu, an dem d'Handlung spillt.

De Matthias Lehmann weist dësen oft als en oppressive Milieu, wou d'Definitioun vu Männlechkeet eng ganz enk ass, wou et essentiell ass, e "richtege Mann" ze sinn, a wou een ëmmer an enger dicht gestréckter Männergesellschaft ënnerwee ass, där hir Memberen sech e bestëmmt Verhale praktesch géigesäiteg opzwéngen. Et ass awer net esou, datt de Karl Kling déi ganzen Zäit ënner deem Ëmfeld leit. Hie genéisst och d'Komerodschaft ënner den Aarbechter an ass stolz dorop zu deenen ze gehéieren, déi d'Land nom Krich erëm opbauen.

Och an anere Liewensberäicher verhält sech den Held ambivalent. D'Familljeliewe mat Fra a Kand a Reienhaus ass fir hie net just eng Fassad, hanner där e seng eigentlech Identitéit verstoppe kann. De Karl wëll dat alles, hie wëll d'Normalitéit, mee e wëll eben och aus hir ausbriechen. Dat mécht d'Tragedie vu senger Geschicht aus, bei där hien um Enn weder dat eent nach dat anert wierklech kann hunn an an engem Dilemma gefaange bleift.