Déi privat Säit vun der Hannelore Elsner
Mat hirer douce-sënnlecher Stëmm huet déi renomméiert däitsch Actrice Hannelore Elsner “Literatur 2015” de leschte Samschdeg am Trifolion zu Iechternach lancéiert, eng Gespréichsserie, déi de Radio 100,7 ënnerstëtzt. “Im Überschwang: Aus meinem Leben” (2011, Kiepenheuer & Witsch) heescht d’Autobiografie, aus där d’Schauspillerin - kokett an dach professionnell - dem Public virgelies huet.
D’Hannelore Elsner, déi de Ruff huet éischter schei ze sinn, weist sech hei vun hirer privater Säit. Am Buch geet Rieds vun hirer Kandheet a Jugend, donieft verziele ganz flott Passagë vun hirer Theater- a Filmcarrière.
Nächst Invitéen an der Serie “Literatur 2015” am Trifolion sinn, de 27. November, déi zwee Goethe-Experten Sahra Wagenknecht a Manfred Osten, ënnert dem Titel: “ Goethes Prophezeiungen für das 21. Jahrhundert”.