Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi "beschte" Lëtzebuerger Filmer...

Filmpräis

Déi "beschte" Lëtzebuerger Filmer...

Mat "Superjhemp retörns" a virun allem der Serie "Capitani" ass Samsa Productions de leschte Freideg als de grousse Gewënner vum Lëtzebuerger Filmpräis 2021 ervirgaangen. Wat genee gouf do belount?

auto_stories

3 min

Um Filmpräis goufen ouni Zweiwel och gutt Produktiounen ausgezeechent. D'Präisser fir d'Animatiounsfilmer "Wolfwalkers" oder nach "Les Hirondelles de Kaboul", déi allebéid mat Lëtzebuerger Sue co-produzéiert goufen, ënnersträichen den internationale Stellewäert an den onëmstriddene Savoir-faire vum Animatiounsberäich hei am Land.

Datt den exzeptionellen Documentaire "Collective" vum Rumän Alexander Nanau, deen an der Course ëm d'Oscare matgelaf war, als beschte co-produzéierte Long-métrage belount gouf, ass net méi ewéi logesch. Iwweregens och eng Samsa-Produktioun. Jo, de Filmfong ënnerstëtzt duerchaus Wierker, déi sech op der ganzer Welt weise loossen.

Kachkéis-Nationalismus

Wat elo d'Laureaten um Filmpräis betrëfft, déi reng Lëtzebuerger Produktioune sinn, muss ee sech dach e puer Froe stellen. Jo, als beschte Lëtzebuerger Film aus deene leschten dräi Joer gouf tatsächlech déi wéineg originell Adaptatioun vun der Superjhemp-BD zeréckbehalen, en demagogescht an infantiliséierend Lueflidd op den Troun, RTL an alles wat de softe Kachkéis-Nationalismus soss nach esou ausmécht.

D'Krimi-Serie "Capitani" (véier Präisser), déi eng e wéineg méi erwuesse Welt duerstellt, an där alt nees eng Kéier RTL déi eenzeg Informatiounsquell schéngt ze sinn, entsprécht - reng technesch gekuckt - de Krittäre vun der standardiséierter internationaler Masseproduktioun. De "Superjhemp retörns" war e grousse Publikumserfolleg hei am Land; de "Capitani", duerch seng Diffusioun op der Streamingplattform Netflix, souguer e Succès wäit iwwer d'Lëtzebuerger Grenzen ewech.

De Präis fir de beschte Lëtzebuerger Documentaire goung dann un den Anti-Atom-Film "An zéro", eng kuriéis Mëschung aus engersäits interessante bis ganz interessanten Temoignagë vu Spezialisten, déi u sech schonn eng gutt Fernseh-Doku kéinte forméieren. Anerersäits dann awer peinlech bis ridicule Fiktiounssequenzen iwwer e méigleche Super-GAU, déi dës Kéier zwar kee Kachkéis-, mee e Kniddelen-Nationalismus feieren.

RTL-Cactus-Natioun feiert sech selwer

Wéi eng Filmer wëllt de Filmpräis eigentlech auszeechnen? Filmer, déi eng incontestabel kënschtleresch Qualitéit kënne virweisen? Oder Filmer, an deenen sech d'RTL-Cactus-Natioun erëmerkennt a mat deene se sech selwer feiere kann, zum Beispill op Filmpräis-Zeremonien, déi da praktescherweis um Internet-Site vum quasi Mediemonopolist hei am Land gestreamt ginn?

Sécherlech misst ee schonn emol de Walmodus beim Filmpräis iwwerdenken. Wann de Choix vun de Laureate vu 400 an der Filmakademie organiséierte Professionellen ofhänkt, schéngt et warscheinlech ze sinn, datt se déi Produktiounen auswielen, op deene se selwer matgeschafft hunn, respektiv déi Produktiounsfirmen, fir déi se grouss Chancen hunn eng Kéier ze schaffen. Dee Gréissten a Stäerksten ass domat ëmmer vir.

Dozou gehéiere wuel net déi méi kleng Ekippen, wéi beispillsweis déi hanner dem Adolf El-Assal sengem Film "Sawah". Bei wäitem kee perfekte Film - falls Qualitéit iwwerhaapt e Krittär sollt sinn - deen ëmmerhin awer e Bild vun der Gesellschaft zeechent, dat strictement näischt mam Superjhemp-Universum ze dinn huet, a méiglecherweis dofir méi no un der Realitéit drun ass.

Trotz de fënnef Nominatiounen ass "Sawah" beim Filmpräis eidel ausgaangen. Hei gouf eng Chance verpasst, fir en neie Wand ze suergen.