Radioen

On air

Resonanzen  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Steph Meyers klëmmt op ee grousse Stull

Rotonden

De Steph Meyers klëmmt op ee grousse Stull

De Steph Meyers gëtt neien Direkter vun de Rotonden. Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Robert Garcia. Um Roga senger Aarbecht wëll hie sech och inspiréieren, fir de Kulturzenter weider z'entwéckelen.

auto_stories

4 min

Steph Meyers

Wéi Lëtzebuerg 2007 europäesch Kulturhaaptstad war, huet hie sech ëm déi sozio-kulturell Projete bekëmmert, duerno hat hien d'Responsabilitéit iwwer d'Programmation générale an de Rotonden. De Steph Meyers huet de Kulturzenter zu Bouneweg deemno mat geschaf a geformt. "Et ass ganz kloer, datt ech net alles wäert iwwer Bord schmäissen. Ech hu jo déi meescht Saache mat gedroen." Intern an extern géif kee sech eng gréisser Evolutioun erwaarden, sou de Steph Meyers.

Prioritéiten an Ziler

Zu senge Prioritéite fir d'Entwécklung vun de Rotonden zielt de Steph Meyers d'Kollaboratioun mat anere Kulturhaiser an d'Optimisatioun vun der Logistik vum Site. D'Problemer mam Budget wären un de Chantier gebonne gewiescht, a souwäit iwwerstanen. De Site hätt allerdéngs nach en enormt Potenzial, virun allem an där net-renovéierter Rotonde 2, déi momentan eidel steet. "Et bräicht een net vill, fir deen Espace kënnen ze gebrauchen, fir datt en honnertprozenteg komplementar wier zu der Rotonde 1."

Datt hie sech an Zukunft manner ëm dee kreative Volet wäert bekëmmeren a seng Aarbecht sech ëm administrativ Tâche wäert dréinen, stéiert den neien Direkter net. Hien hätt zanter 2005 iwwer 20 grouss Ausstellunge mat organiséiert. Méi wéi fënnef Joer hätt hien dat souwisou net méi wéilte maachen. "Dat hei ass eng flott Opportunitéit fir weiderhin an där Struktur ze bleiwen, déi mir um Häerz läit, an aner Responsabilitéiten z'iwwerhuelen."

Nofolger vun engem "politeschen Déier"

"Ech fäerten, datt ech mech am Ufank e bëssen op deem Stull wäert verléieren", seet de Steph Meyers iwwer seng Nofolleg vum Robert Garcia. "De Roga huet vill Kape gemeeschtert, well hien dee ganz polyvalente Parcours huet. Ech wäert net d'Pretentioun hunn ze soen, datt ech hien an all deene Beräicher wäert kënnen ersetzen." Am Laf vun de Joren hätt hie vill vu sengem engagéierte Chef geléiert. Bei verschiddene Projeten hätt de Robert Garcia schonn annoncéiert, datt hien nach e Fouss wéilt bannent der Dier halen.

Iwwer d'Kollaboratioun mat der Equipe mécht den neien Direkter sech wéineg suergen. "Mir sinn net op enger Bank mat 2.000 Leit. Mir sinn eng Equipe vu 15-20 Leit, déi schonn déi ganzen Zäit gutt matenee geschafft hunn. Et ass een op deen aneren agestëmmt." Obwuel sech an der Hierarchie eppes géif änneren, géifen d'Relatiounen zwëschent de Leit erhale bleiwen, sou de Steph Meyers.