Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schëmmelreider vun Useldeng

Bande Dessinée

De Schëmmelreider vun Useldeng

Déi nei BD vum Marc Angel ass eng Rees an d'Vergaangenheet: Historesches, Legend a fräi Erfonntenes vermësche sech an enger spannender Geschicht. Haaptprotagonist ass ee geheimnisvolle Reider op engem Schëmmel, deem seng Hufofdréck verkéiert Spueren hannerloossen. Mee och Tempelritter a Brigangen beméie sech ëm ee mysteriéise Schatz op der Buerg vun Useldeng.

auto_stories

5 min

​Ënner dem Titel "Das Tempelschloss bei Beringen" ass d’Legend iwwer d’Buerg vun Useldeng am Nikolaus Gredt sengem "Sagenschatz des Luxemburger Landes" ze liesen. De Marc Angel huet dës Legend zur Virlag geholl fir eng Geschicht ze zielen, déi sech am 15. Joerhonnert ofspillt an ëm e Schatz vun de Tempelritter dréit. Den ausgebilte Grafiker, dee fir seng Molerei a Buchillustratioune bekannt ass, huet d'Band net just selwer gezeechent.

Och d’Geschicht, déi am Joer 1480 spillt, staamt aus senger Plomm. "Et ass d'Enn vum Mëttelalter. An de Gérard de Rodemack, deen een zimlech streiderege Kärel war, deen hat seng Lännereie verluer. Am Fong huet e wierklech um leschte Lach gepaff déi Zäit. An en huet dunn - a menger Geschicht jiddefalls - huet e beschloss als leschte Fief nach Useldeng wëllen ze retten." Well dat gëtt menacéiert vun enger Band vu Brigangen, déi de Schlassverwalter als Geisel geholl hunn."

Wourecht a Legend

De Marc Angel seet, hien hätt vill Fiktioun a seng Geschicht mat era bruecht fir "d'Phantasie unzereegen". Mee un enger Legend ass ëmmer e Kär Wourecht drun, wat de Virwëtz op d'Vergaangenheet erwächt: De Gérard vu Roudemaacher gouf et wierklech an d’Tempelrittere sollen och um Schlass gehaust hunn. Och wann déi deemoleg Zäit mat ville Streideren a Schluechten ëm Territoirë "schrecklech komplizéiert" war, muss ee keng historesch Kenntnisser hunn fir d'BD ze verstoen. Wie sech trotzdem wëll schlau maachen fënnt hannen am Buch Informatiounen iwwer de geschichtlechen Hannergrond an d'Zesummenhäng. Do gëtt een zum Beispill och gewuer, wat Tempelritter genau waren.

Et ass net déi éischt Legend, déi de Marc Angel verschafft: Och de Graphic Novel "De Jas", deen am Dezember 2015 eraus koum, baséiert op Material aus dem Gredt sengem Sagenschatz. Als "klassesch" Bande dessinée ass de Schëmmelreuder "een anere Regëster", erkläert de Marc Angel: "Ee Graphic Novel ass méi kënschtleresch, méi fräi, a riicht sech och un ee méi avertéierte Publikum."

Och wann de Marc Angel fir de Schëmmelreider eng méi abordabel kënschtleresch Approche gewielt huet, ass all Bild, all Gesiicht an all Zeen esou expressiv, datt een de Schëmmelreider ëmmer rëm nei entdecke kann. An den Auteur selwer betount, et wier net verbueden och no engem duebele Buedem an der Geschicht ze sichen, well "deen ass ëmmer dran".

Op Optraggeber ugewisen

Dës Bande dessinée ass am Optrag vun der Useldenger Gemeng realiséiert ginn. De Gerard Anzia, grénge Schäffen a grousse BD-Fan ass un de Marc Angel erugetrueden. Engersäits sollt e bësse Promotioun fir d’Buerg vun Useldeng gemaach ginn. Awer och Roudemaacher sollt mat abezu ginn, well Useldeng eng Partnerschaft mat dëser Gemeng an der Lorraine huet. Fir de Recht hätt hie komplett literaresch a kënschtleresch Fräiheete genoss, sou de Marc Angel. Hien huet sech awer vun Historiker berode gelooss fir Anachronismen ze vermeiden.

An de Marc Angel huet Wëlles nach weider Legenden ze zielen: Een zweete Band vum Jas kënnt sécher, "deen ass a Preparatioun". An da kann de Marc Angel sech virstellen, dass een ähnlech historesch Sitten aus verschiddenen Epochen als BD "e bësse ka beaarbechten". Mee dat Ganzt wier "eng zimlech opwänneg a laangwiereg Aarbecht", dowéinst brauch de Marc Angel Optraggeber, déi esou eppes erméiglechen.