arrow_back_ios
search
Invité am Moies-Magazin
|De "Saboteur" Jerry Frantz
Den Nationalismus ass e Sujet, deen de Kënschtler Jerry Frantz a sengen Installatiounen ëmmer nees thematiséiert. Op en en explosive Bommeleeër-Atelier opriicht oder en eegene Staat -d'"République libre de Clairefontaine"- grënnt. Gebuer ass de Jerry Frantz 1955 zu Esch-Uelzecht, en huet zu Bréissel an zu Paräis Grafikdesign studéiert; haut lieft a schafft hien als fräie Kënschtler zu Proz. Wien oder wat wëll hie sabotéieren? An ass d'Konscht dofir di richteg Sprooch? Doriwwer huet d'Kerstin Thalau mam Jerry Frantz geschwat.