Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Ris reest op Esch 2022

Literatur

De Ris reest op Esch 2022

D'Projete vun der Gemeng Beetebuerg fir d'Kulturjoer 2022 sti ganz am Zeeche vun der Literatur. D'Valerija Berdi huet mam Laurent Zeimet, dem Buergermeeschter vu Beetebuerg geschwat.

auto_stories

2 min

"De Ris am Beetebuerger Märchepark ass ee vun de bekannteste Beetebuerger, well jiddereen ass als Kand iwwer an op de Ris geklomm an dee Ris, wat mécht deen eigentlech, wann en net am Park läit ze schlofen?", freet de Beetebuerger Buergermeeschter. Dat hätt een d'Leit aus den Uertschafte ronderëm Beetebuerg gefrot, sou de Laurent Zeimet. Aus den Iddië sollen den Andy Genen an de Lucien Czuga da Geschichte fir e Comic entwéckelen. Dee soll fir de LiteraTour am Kader vun Esch 2022 prett sinn.

Domadder géif et awer net duergoen. Et wieren eng Rei Kënschtler, déi des Statioune wäerte gestalten, wou de Ris op den Tour gaangen ass. An da kéint een deen Tour vum Ris trëppelen, am beschte mam Buch am Grapp an esou d'Geschicht och erliewen.

International Kooperatioun

Zënter enger Rei Joere gëtt et de Jugend-Literatur-Concours bei der Gemeng Beetebuerg, deen am Kader vu LiteraTour ëmmer organiséiert gëtt. D'lescht Joer war de "Prix Laurence" wéinst dem Confinement eréischt am Oktober vergi ginn a well et da bis dësen Abrëll ze kuerzfristeg gi wier fir d'Ausschreiwungen, ass de Startstoss elo de 24. Abrëll fir de Prix Laurence 2022, sou de Laurent Zeimet.

"An dee riicht sech un déi Jonk hei ze Lëtzebuerg, an der Groussregioun an eise Partnergemenge Flaibano (Italien) a Valpaços (Portugal) an och ze Kaunas, déi jo och Kulturhaaptstad ass an da kënne bis den 31. Oktober déi Jonk hier Texter era ginn."

Konventioun mat Esch 2022 nach net ënnerschriwwen

Fir de Minett-Trail, deen duerch all Gemenge vun Esch 2022 féiert, ass eng Gîte-Etapp am Schlass vum Mäerchepark geplangt, wou dann och eng Iwwernuechtsméiglechkeet geschafe gëtt. "Mir wäerten och eng nei Geschicht an de Park ophuelen an dat ass de Reenert, deen d'nächst Joer säin 150. Anniversaire feiert, dee gëtt och do mat integréiert", sou de Laurent Zeimet.

D'Gemeng Beetebuerg huet d'Conventioun mam Esch 2022 nach net ënnerschriwwen, "Mir hunn eis als Gemeng zesummme gesat fir mat Esch 2022 ze schwätzen, wéi des Conventioune kënnen ausgesinn, well den éischte Modell net adaptéiert geschéngt huet, op d'Liewen a Funktionéiere vun enger Gemeng. An do soll elo eng nei Propos erakommen an déi musse mer eis ukucken. Mir ginn awer dovunner aus, datt mer déi da wäerten ënnerschreiwen, well mer bis elo gutt viru koumen, eis Projeten och akzeptéiert sinn, a mir wëllen elo endlech an déi konkret Ëmsetzung kommen", sou nach de Laurent Zeimet.