Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Postmodernismus à la Lynette Yiadom-Boakye kënnt un

Bis de 5. September am Mudam

De Postmodernismus à la Lynette Yiadom-Boakye kënnt un

D'Lynette Yiadom-Boakye (gëtt "Linett Ieidëm Boaktschi" ausgeschwat), ass 1977 zu London op d'Welt komm, hir Eltere stamen aus Ghana. D'Kënschtlerin seet vu sech selwer, datt si zeechent, wat si net mat Wierder beschreiwe kann a mat Wierder beschreift, wat si net zeechne kann. Virun zéng Joer ass hir als Molerin de groussen Duerchbroch gegléckt. Elo stellt si bis de 5. September knapps 70 Tabloen am Mudam aus.

auto_stories

3 min

Tëschent der Lynette Yiadom-Boakye hiren Tabloen am Mudam kann ee sech gutt opgehuewen, wuel fillen. Dëst, well d'Kënschtlerin net just sproochlech, mee och mol-technesch am Verbond mat der Nuecht geflunn ass.

Tabloe mat enger waarmer, roueger Qualitéit

Hir Uelegfaarwe wierken dynamesch, waarm, sat, mee och gedimmt. Hir Personnagen intrigéieren, schonn eleng well se, duerch zäitlos Kleedung an e floue bis abstrakten Hannergrond, weder geografesch nach historesch klasséiert kënne ginn.

Si stralen an engems eng onwarscheinlech Rou aus. Esou eng Rou an awer och Selbstvertrauen hunn der Kënschtlerin selwer, zemools an hiren Ufanksjoren, komplett gefeelt.

Wéi si ugefaangen huet, Konscht ze studéieren, wier et net méi "in" gewiescht fir iergendengem iergendeppes bäizebréngen, erkläert d'Molerin:

"Especially in London in the 90s, we would spend a lot of time talking about what we weren't doing and why we weren't doing it and how to stop doing it ever again. And for me that was extremely confusing, it was one of the reasons why I didn't really want to stay in London for my degree because it was that conversation very much around not painting that was a bit of a distraction when you're trying to paint."

Fiktiv Portraiten vu schwaarze Personnagen

D'Lynette Yiadom-Boakye moolt Mënschen, mee et handelt sech ëm fiktiv Portraiten: d'Personnage setze sech aus Iddien, Iwwerleeungen, Inspiratioune vun der Kënschtlerin zesummen.

Fir si geet et net dorëm, wien a wou dës Leit sinn, mee wat se sinn. Deemno geet et éischter ëm en Experimentéiere mat Faarf, Kompositioun, mat der Matière u sech, mam Reflet a Kontraster. Si beschäftegt sech och domat wéi d'Molereien an enger Expo ënnerteneen a mam Visiteur dialogéieren, a carrement Blécker austauschen.

Dëst geschitt ënner anerem och duerch konschtgeschichtlech Referenzen, eng Hellewull dovu kommen aus dem Modernismus.

Der Lynette Yiadom-Boakye hir Konscht hieft sech och kloer vun historesche Virbiller of, well hir Figure schwaarz sinn. De Curateur vun der Expo fir de Mudam, de Clément Minighetti erkläert datt doduerch de Visiteur d'Konventioune vu sengem eegene Bléck hannerfroe kéint. D'Konscht a Muséeën hätt een net doru gewinnt, fir schwaarz Figuren "en premier plan" a Biller ze gesinn.

"Eng Retrospektiv fir eng 45 Joer jonk Kënschtlerin"

Déi knapps 70 Tableauen, déi am Mudam hänken, sinn tëschent der Lynette Yiadom-Boakye hirem leschte Studiejoer an dem Lockdown entstanen. "Quasi eng Retrospektiv fir eng 45 Joer jonk Kënschtlerin", hat d'Chefcuratrice vun der Tate Britain gemengt.

D'Tate hat de Projet initiéiert a sech de Moderna Museet vu Stockholm, d'Kunstsammlung NRW vun Düsseldorf an de Mudam mat an d'Boot geholl, fir déi mëttlerweil héich Käschte bei dëser Kënschtlerin ze deelen a méi eco-responsabel ze sinn.

D'Lynette Yiadom Boakye géif d'Rou als eng Form vu Widderstand, Geloossenheet als sënnstëftend reflektéieren, esou heescht et am Programm vun der Tate.