Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Academy Awards: "Parasite" ass de grousse Gewënner

Oscars 2020

Academy Awards: "Parasite" ass de grousse Gewënner

Kuerz virun hallwer 6 de Méindeg de Moien ass zu L.A. d'Verdeelung vun den Academy Awards op en Enn gaangen. Hollywood huet sech ofgefeiert a mat gëllene Statuette beworf. Den Oscaren. Den Tom Dockal war de Moie beim Simon Larosche fir de Palmarès vun den Oscaren ze kommentéieren. Well bei allem Op-d'Schëller klappen ass et zu enger Sensatioun komm.

auto_stories

3 min

Simon Larosche: "Parasite" vum Süd-Koreaner Bong Joon Ho ass laut der Academy de beschte Film vum Joer. "Parasite" - ass dat immens oder ass dat immens?

Tom Dockal: Dat ass immens, well eng richteg Iwwerraschung am gudde Sënn vum Wuert, well een dovunner ausgaangen ass, dat de Film just den Oscar vum Beschten Internationale Film géif mat Heem huelen.

Dat hat ee sech esou wuel net ganz erwaart?

Nee, an deem Ausmooss huet sech dat keen erwaart. Well, "Parasite" huet eben net just nëmmen an der Kategorie vum Beschte Film an Internationale Film gewonnen, mee och an de Kategorië Bescht Dréibuch a Bescht Regie. An et war beim Regiepräis, dat de Bong den Ament vum Owend geliwwert huet.

Véier Oscare si vun der Quantitéit u sech net esou iwwerraschend?!

Dat ass wouer, mee eben déi véier Oscaren un dee Film. Dat ass iwwerraschend. An der Geschicht vun den Oscaren huet nach ni e südkoreanesche Film gewonnen. "Parasite" ass domat och deen éischte Film - net an englescher Sprooch - deen den Haptpräis gewonnen huet. Esouguer "The Artist" - e Stommfilm - huet ganz zum Schluss ee Saz op englesch!

A wéi ass de Palmarès soss ausgefall?

De Joaquin Phoenix krut fir seng Verkierperung vum Joker den Oscar fir déi beschten Haaptroll. Als bescht Haaptduerstellerin ass d'Renée Zellweger fir de Film "Judy" geéiert ginn.

De Brad Pitt krut e bëssen iwwerraschend den Oscar fir déi bescht Nieweroll am Quentin-Tarantino-Film "Once Upon a Time in Hollywood".

De Präis fir déi bescht Niewenduerstellerin ass un d'Laura Dern gaangen, fir hir Roll am Film "Marriage Story" vun der Noah Baumbach.

"1917" vum Sam Mendes war nach bis virun e puer Deeg bei de Bookies de grousse Favorit! Wat ass do geschitt?

De Film krut zwar am Ganzen dräi Oskaren, dat awer an den éischter manner wichtege Kategorië "Bescht Kamera- a Bildgestaltung", fir déi Bescht visuell Effekter a fir de beschte Soundmixing.