Museker a Widderstandskämpfer De Mikis Theodorakis ass verstuerwen

De Mikis Theodorakis ass haut am Alter vu 96 Joer gestuerwen. De weltbekannte Komponist, awer och Politiker a Widderstandskämpfer, hat eng besonnesch Relatioun ze Lëtzebuerg. Eng laangjäreg Frëndschaft mam Guy Wagner, Prof, Schrëftsteller a fréieren Direkter vum Escher Theater, huet déi zwee bis zum Doud vum Guy Wagner verbonnen. De Guy Wagner huet 1995 bei Editions Phi eng Biographie iwwer den Theodorakis erausbruecht: "Mikis Theodorakis - Ein Leben für Griechenland".

Valerija Berdi / cbi

Mikis Theodorakis
De Mikis Theodorakis war den 13. Mäerz 1978 am LMA op Besuch. Foto: Lycée Mathias Adam - Péiteng

Wie kennt se net, d'Melodie, déi den Anthony Quinn an der Verfilmung vum Nikos Kazantzakis sengem Alexis Zorbas de Sirtaki danze léisst. Mee nieft Film- an Theatermusek huet den Theodorakis och Kammermusek, Symphonien, Cantaten an Oratorien, wéi de Canto general, deen hien op Texter vum chileeneschen Dichter Pablo Neruda komponéiert.

Musek "als Griich fir Griichen"

Et dierft een net vergiessen, datt de Mikis Theodorakis seng Musek an éischter Linn fir seng Landsleit schreift, sot 2003 de Guy Wagner op eiser Antenn. "Hien ass e Griich a komponéiert als Griich fir Griichen an hie versicht an engems universell verständlech ze sinn."

De Mikis Theodorakis hätt gewosst, datt Griicheland vun de 50er Joren un, wéi hie säin Artikel "Griechenland im Jahre Null der Musik" e grousst Nohuelbedarf gehat hätt. Seng Zilsetzung wier et gewiescht vum Einfachen op dat ëmmer méi Komplizéiert ze kommen. "Ebe just de Contraire vun deem ze maachen, wat eng elitistesch Musek versicht, déi eng bewossten Trennung mam Auditeur a Kaf hëlt."

Politeschen Aktivismus

D'Vollek war dem Theodorakis net just musikalesch wichteg, mee och politesch. Schonn am zweete Weltkrich war hie Widderstandskämpfer a wärend dem griichesche Biergerkrich vun 1946 bis 1949 huet hien op der Säit vun de Lénke géint déi konservativ griichesch Regierung, gekämpft. Den Theodorakis ass do internéiert a gefoltert ginn.

Hie war och am Widderstand géint déi griichesch Militärdiktatur, déi vun 1967 bis 1974 un der Muecht war. Direkt nom Putsch huet den Theodorakis zum Widderstand opgeruff - seng Musek ass verbuede ginn an hie selwer ass véier Méint nom Putsch festgeholl ginn.

No sechs Méint gouf hien fräigelooss, ass awer dann nach emol am Oktober 1969 festgeholl an an d'Konzentratiounslager Oropos bruecht ginn. Op internationalen Drock hi vu weltbekannte Kënschtler, wéi den Dmitri Schostakowitsch, Leonard Bernstein, Harry Belafonte, Arthur Miller, Yves Montand a franséische Politiker, konnt den Theodorakis den 13. Abrëll 1970 zu Paräis an den Exil goen.

Den Theodorakis war och am Exil engagéiert

Och zu Paräis ass säin Engagement géint d'Militärdiktatur weider gaangen, zesumme mat der Melina Mercouri, déi spéider seng grouss politesch Feindin ginn ass.

Den Theodorakis huet sech nämlech och parteipolitesch engagéiert: no der Militärdiktatur ass hien 1974 zeréck a Griicheland gaangen a war Deputéierte vun der kommunistescher Partei, wat awer net zu senger Befriddegung gefouert huet.

Am permanente Konflikt mat der PASOK - der sozialistescher Partei vu Griicheland - ass et eben och d'Enttäuschung vun der Melina Mercouri, déi 1981 Kulturministerin ënner dem Andreas Papandreou ginn ass.

Den Theodorakis gëtt am Buch vum Guy Wagner zitéiert:

"Ich bin überzeugt, dass sie als Künstlerin und Persönlichkeit mich weiterhin schätzt. Als Politikerin hat sie Angst vor mir. Sie denkt nach dem Schema: Wenn er nicht mit uns ist, ist er ein Feind"

No den Enttäuschungen um parteipoliteschem Plang geet den Theodorakis op Paräis zeréck, do widmet hie sech total der Musek, dem Komponéieren a schafft weider u senge Symphonien.

Eng Schaffensperiod an de Retour an d'Politik

Ufank der 1980er Joren huet de Mikis Theodorakis de Choix getraff fir déi grouss Formen, déi symphonesch erëm opzegräifen, esou de Guy Wagner am Joer 2003. Hien hätt hei iwwer universal Froe wëllen an den Dialog trieden, déi op engem héijen Niveau waren.

An den 20 Jore virdrun huet hie sech exklusiv de Vollekslidderzyklen zougewannt, grad ewéi senge populären Oratorien, notamment Axion Esti, La Marche de l'Esprit an de Canto general, déi eng grouss emotional Wierkung op den Auditeur hunn an haten.

"Aus där rationaler Period vum Paräisser Conservatoire kënnt de Mikis elo an eng Schaffensperiod am Symphoneschen, déi dat Rationaalt mat dem Emotionale verbënnt."

D'Politik huet him awer keng Rou gelooss, hien ass zeréck a Griicheland an huet sech no der Papandreou-Ära vum konservative Politiker Mitsotakis verféiere gelooss. Den Theodorakis gouf zum Minister ouni Portefeuille ernannt - natierlech gouf him do Opportunismus virgeheit.

Sëlleg Präisser, Auszeechnungen, Éierungen, sou och den Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg am Joer 2005, goufen him verginn. Hie war dacks politesch ëmstridden, seelen awer musikalesch, a wéi schreift de Guy Wagner: "Der Musiker Theodorakis und der Politiker Theodorakis sind eins und untrennbar."

Méi zum Thema

Wagner_Osterheld.jpg
Noruff

Iwwert de Päischtweekend ass de Guy Wagner gestuerwen. De fréieren Direkter vum Escher Theater a Schrëftsteller war laang Joren Mataarbéchter vum radio 100,7. Musek war och ee grousst Thema a sengem Liewen.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen