De Manuel Schortgen hat 2003 an der drëtter Generatioun d'Féierung vum Editiounshaus mam Sëtz ze Esch-Uelzecht iwwerholl. Bis 2018 war de Manuel Schortgen President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren an 2019 hat d'Haus Schortgen en Deel vun den Verlagsaktivitéiten vun Editions Saint-Paul iwwerholl, wou deen zougemaach huet.
De Manuel Schortgen huet un der Publikatioun vu Lëtzebuerger Literatur festgehalen, nieft enger Rei Sachbicher Beaux-livres a Kachbicher publizéiert de Verlag och vill Kannerliteratur. Nach d'lescht Joer ass d'Kannerbuch "De Wëlle leeft am Bësch" vun der Diane Orban a Myriam Kreins mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent ginn. Kierzlech ass och d'Iwwersetzung vum Albert Camus sengem Wierk "La peste" op Lëtzebuergesch vum Lex Roth iwwersat bei Éditions Schortgen eraus komm.
De Manuel Schortgen war en engagéierten Editeur, dee mat zwee Féiss um Buedem stoung. Hien war ëmmer beméit Literatur aus Lëtzebuerg an d'Ausland an auslännesch Literatur op Lëtzebuerg ze bréngen. Seng Vue op de Lëtzebuerger Literaturbetrib, d'Roll an d'Plaz vun der Lëtzebuerger Literatur huet hien am Gespréich mam Valerija Berdi op der Frankfurter Buchmesse 2017 verroden.
Elo, nom Doud vum Manuel Schortgen iwwerhëlt seng Fra , d'Lena Schortgen d'Direktioun vum Verlagshaus.