Dee Militärdéngscht wollt den Hermann Brinkmann als iwwerzeegte Pazifist net maachen, mee vun den Autoritéite gouf hien net als "Kriegsdienstverweigerer" aus Gewëssensgrënn unerkannt an um Déngscht un der Waff ass hien zerbrach.
mein Gewissen" rekonstruéiert dat kuerzt Liewe vum Hermann a verbënnt dat mat der gréisserer Thematik vum Militärdéngscht an dem Widderstand dogéint. D'Hannah Brinkmann schafft vill mat Dokumenter ewéi Zeitungsartikelen oder Bréiwer an allgemeng stécht vill Archivaarbecht hannert dem Buch.
Et ass eng Graphic Novel, déi Wäert drop leet, d'Atmosphär vun der Nokrichszäit präzis anzefänken. D'Zeechnungen hunn e blatzeg-rouden Toun, wéi wann een duerch en ale Fotoalbum bliedert, a si orientéiere sech ëmmer un de populären Ikonographie vun där jeeweileger Zäit.
De Monni portraitéiert d'Hannah Brinkmann als Idealist, dee konsequent fir dat antrëtt, un dat e gleeft. De kafkaeske Prozess, deen hien muss duerchmaachen, kann een haut bal net méi gleewen. Wärend mein Gewissen" soss roueg a formal streng erzielt ass, hëlt sech d'Zeechnerin hei méi Fräiheeten, bréngt Elementer aus der Molerei vun Expressionismus bis Surrealismus oder och anatomesch Zeechnungen eran, fir sech an d'Figur vum Hermann eranzeversetzen a seng psychesch Belaaschtung symbolesch duerzestellen.
Déi staark Biller sinn och e Grond, firwat d'Graphic Novel op engem méi allgemengen Niveau funktionéiert an iwwerzeegt, also net just als Dokumentatioun vun enger Thematik, déi sech speziell op d'Nokrichsdäitschland bezitt.