De Jordi Ballesta an déi fotografesch Commande

Beim Christian Aschman senger Fotoausstellung "hors-champ, am CNA zu Diddeleng handelt et sech ëm eng Aart objektiv a subjektiv Dokumentatioun vun der Demolitioun vum Site vum Mierscher Agrozenter, deen 1959 opgaange war. Vu datt an der Expo just 90 vun 800 Fotoe gewise kënne ginn, nieft der visueller awer och eng gréisser historesch Recherche geleescht gouf, huet den CNA decidéiert, eng Publikatioun zum Theema erauszebréngen. Déi gëtt dëse Samschdeg (12.9.) um 11 Auer presentéiert. Am Virfeld hat de Chercheur Jordi Ballesta schonn e Bléck dra geworf.

Kerstin Thalau / cbi

Et war emol: de Mierscher Agro-Zenter

De Jordi Ballesta, ausgebilte Geograf, pendelt haut als onofhängege Chercheur tëschent Paräis, Griichenland an Amerika. Fir seng wëssenschaftlech Publikatiounen a Konferenze baséiert hie sech net just op geschichtlech, geografesch, oder urbanistesch Texter, mee och op Fotografien: an zwar visuell Milieustudië vun Architekten, Paysagisten, mee och Amateuropnamen, eege Klischeeën an artistescht Material.

A sengem Domän handelt et sech beim artistesche Material haaptsächlech ëm Optragsaarbechten. Eng Institutioun oder Administratioun bestellt bei engem Fotokënschtler Biller, déi eng wichteg Evolutioun festhalen oder e Patrimoine, dee verschwanne wäert. Sou wéi am Fall Mierscher-Agrozenter de Christian Aschman vum CNA engagéiert gouf. An do gesäit de Jordi Ballesta e Problem.

Fotographie als Vermëttler

An der Geschicht vun der Fotografie ginn et eng Hellewull Beispiller dofir, datt Fotokënschtler zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert vun der Politik deelweis mëssbraucht goufen, fir d'Ëffentlechkeet fir verschidde politesch Mesuren ze interesséieren.

E bekannt Beispill am CNA ass dem Edward Steichen seng "Bitter Years"-Kollektioun. D'Biller, déi d'Aarmut ënner der Great depression weisen, sollten dem US-President Franklin D. Roosevelt säin New Deal, also seng geplangt Sozial- a Wirtschaftsreformen, ënnerstëtzen.

De Jordi Ballesta zitéiert zum Beispill de Schott Thomas Annan, deen am 19. Joerhonnert als Optragsaarbecht déi katastrophal Zoustänn am iwwer peupléierte Glasgow dokumentéiert huet, wouduerch d'Demolitioune vun ale Quartiere méi einfach geschléckt goufen.

Oder säi franséische Contemporain Charles Marville, deen als ausgebilten Illustrator zwar en eegene Fotostil kultivéiert huet, mee deem seng Serie vun den ale Paräisser Urinoiren, zum Beispill, e Coup de pouce fir dem Napoléon dem Drëtte seng Moderniséierungspläng war.

E seelent Beispill fir méi Fräiheet wier d'Mission photographique de la DATAR, bei där tëschent 1983 an 1989 knapps 30 Fotografe vun Robert Doisneau, iwwer Josef Koudelka bis Sophie Ristelhueber de "paysage français" festgehalen hunn.

1.200 Fotoen sinn zanter 2013 iwwer d'Bibliothèque nationale de France virtuell disponibel. Datt de Christian Aschman fir de Projet "hors-champ" vum CNA och deen néidege Spillraum krut, ass fir de Jordi Ballesta an der Expo an an der Publikatioun kloer ze erkennen.

D'Aufgab vum Fotograf

Duerch hir Recherchë sinn de Christian Aschman an d'Kommissärin vu senger Expo, d'Marguy Conzemius vum CNA, op Fotoarchiver gestouss, déi quasi an de Vergiess gerode waren, an deenen historesch Agrozenter-Opname vu Mierscher Amateurfotografen oder vun den Ingenieuren aus den 1950er versuergt ginn.

Déi sinn elo an d'Publikatioun hanner dem Christian Aschman seng Dokumentatioun integréiert ginn, grad esou wéi e konschthistoreschen Text vun der Antoinette Lorang. An dorëms geet et fir de Jordi Ballesta: datt d'Fotografe keng fäerdeg Produite liwweren, mee Experienze vum Terrain; datt si Pisten, Hypotheese lancéieren, Incertituden eriwwerbréngen, déi da vu Chercheuren opgegraff a reflektéiert kënne ginn.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Max Mertens
Ausstellung

De Kënschtler Max Mertens invitéiert mat der Installatioun "Sollbruchstelle" an der Annexe22 Visiteuren zu enger Aart duusser Zerstéierung. D'Kerstin Thalau huet sech mat him ënnerhalen.

Joao Freitas
Ausstellung

Den Diddelenger Kënschtler João Freitas hëlt Faarf a Matière ewech, fir d'Banneliewen, eng Geschicht, ënner der Fassad fräi ze leeën. D'Kerstin Thalau huet sech mam jonke Kënschtler, Joergang 1989, ënnerhalen.

Programm

  • Mat Groove a Séil

  • On air

    Notturno

  • Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

Net verpassen

  • De radio 100,7 sicht Redakteren/Animateuren

    radio 100,7

    De radio 100,7 sicht fir seng Magasinn-Redaktioun 1 Redakter/Animateur (m/w) 20 St/W (CDD 1 Joer)
    an 1 Redakter/Animateur (m/w) 40 St/W (CDI) fir direkt ze engagéieren.

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen