Radioen

On air

De Moien  |  Baby Rose & BADBADNOTGOOD - One Last Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Schëffbauer an e britesche Leutnant

Literatur

Däitsch Schëffbauer an e britesche Leutnant

Den Humor ass am Alex Capus sengem Roman "Eine Frage der Zeit" deels grad esou grotesk wéi d'Aussoe vun de Vertrieder vun der Kolonialmuecht an Däitsch-Ostafrika. Et erlieft een am Schwäizer sengem Roman eng Aventure mat historesche Personnagen an reellen Evenementer ronderëm e Schëff dat och nach nach ëmmer doruechter tuckert. De Capus demaskéiert a sengem Roman op eng ganz spannend Manéier dat mënschlecht Wiesen.

auto_stories

2 min

Dräi däitsch Schëffbauer wëlle just e Schëff zesummebauen. Si sollen awer och an de Krich zéien, an och nach géint e britesche Leutnant mat limitéierten Fähegkeeten. An dat an Däitsch-Ostafrika, wou de Gouverneur eigentlech fein mat dem autochthone Vollek wëll sinn. Seng Fra ass deen eenzege Liichtbléck an dëser verkéierter Welt.

Den Hermann Wendt, de Rudolf Tellmann an den Anton Rüter waren déi dräi Männer, déi vun der däitscher Werft Joseph. L. Meyer mat der "Goetzen" an dat deemolegt Dätsch-Ostafrika geschéckt goufen. De Wendt ass Handwierker, den Tellmann ass fir d'Vernitte vun de Schëffer zoustänneg an den Anton Rüter ass Schëffbaumeeschter, bestuet a Papp vu véier Kanner.

E Schëff an Eenzeldeeler zerluecht

De 17. Januar 1914 lande si u Bord vun der "Admiral" mam Dampschëff "Goetzen", dat an Eenzelstécker a ronn 5.000 Këschten agepaakt ass, am Hafe vun Daressalam. "Goetzen" soll zum gréisste Passagéier- an Transportschëff um Tanganjika-Séi avancéiere. D'Schëff gouf nom däitschen Ostafrikafuerscher a Gouverneur vun Däitsch-Ostafrika Gustav Adolf von Goetzen genannt. D'Schëff existéiert nach haut. Zanter 1927 heescht et awer "Liemba" an ass dat wichtegst Transportmëttel vir Mënschen, déi ronderëm den Tanganjika-Séi liewen.

D'Personnagen an historesch Evenementer am Alex Capus sengem Roman berouen op Tatsaachen. Wat awer de Schwäizer Auteur an dëser historescher Retrospektiv dobäi mëscht, si ganz raffinéiert Gewierzer. Dat heescht eng anstänneg Prise Humor, e Grapp voll Mënschlechkeet duerchpickt mat vill Ironie a subtille Charakterbeschreiwungen.

Den Dram vun der militärescher Karriär

Et ass den Ufank vum éischte Weltkrich an d'Briten an déi Däitsch solle géintenee kämpfen. Mä am Fong geholl hunn déi dräi Schëffbauer guer keng Loscht hiert Liewe fir den däitsche Keeser op d'Spill ze setzen. Si wëlle just hiert Schëff zesumme setzen, de gudden Loun astiechen an nees heem goen. Op där anerer, där britescher Säit ass awer de Leutnant Spicer Simson, dee vun der grousser militärescher a heldenhafter Karriär an Unerkennung dreemt, bis dohin awer just Schëffer regelrecht an de Sand gesat huet.


Dem schwäizer Auteur Alex Capus säi Roman "Eine Frage der Zeit" ass am Knaus-Verlag erauskomm.