Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Zäit vun de Journalisten ass net déi vun de Schrëftsteller"

Literatur

"D'Zäit vun de Journalisten ass net déi vun de Schrëftsteller"

A senge leschte Romaner an och a senge méi rezente kuerzen Texter hätt sech eng gewësse Suerg breet gemaach, sou de Jean-Philippe Toussaint. De belsche Schrëftsteller war den 23. Mäerz an der Abtei Neimënster, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner.

auto_stories

1 min

Zanter bal véier Joerzéngte gëllt de Jean-Philippe Toussaint als ee vun de wichtegsten Auteure vun den Éditions de Minuit. 1985 hat hie mat "La Salle de bain" säin Debutroman beim renomméierte Paräisser Verlag verëffentlecht.

Mat weidere Publikatioune wéi "La Télévision", "Faire l'amour" oder "Fuir" hat de Bréisseler Schrëftsteller säi Ruff als Minimalist gefestegt an, niewebäi, eng Partie Filmer gedréint.

Seng zwee lescht Romaner "La Clé USB" (2019) a "Les Émotions" (2020) forméieren den Detrez-Zyklus ëm een EU-Fonctionnaire, dee sech mat Zukunftsfuerschung beschäftegt. Tëschenduerch kommen och, wéi an der Lescht, méi kuerz Texter dobäi: "La Disparition du paysage" (2021) an "L'Instant précis où Monnet entre dans l'atelier" (2022).

An da gëtt de Jean-Philippe Toussaint och reegelméisseg Abléck a seng Opfaassung vu Literatur, seng Aarbechtsweis, seng Inspiratiounsquellen: "L'Urgence et la Patience" (2012) oder nach "C'est vous l'écrivain" (2022, Éditions Le Robert).

Am Gespréich mam Michel Delage kënnt de Jean-Philippe Toussaint op den Afloss vun de Bréisseler Attentater op säi Schreiwen zeréck, hie schwätzt iwwer den Hitchcock als Modell fir "La Clé USB", iwwer den Humor a senge Romaner, an erkläert wat et fir hie bedeit, Auteur bei den Éditions de Minuit ze sinn.