Radioen

On air

Tockcity  |  Jamie xx - Baddy On The Floor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wonnen um Nuetshimmel

Lyrik

D'Wonnen um Nuetshimmel

"Nachthimmel mit Austrittswunden" heescht de Lyrikband vum jonke vietnameesesch-amerikaneschen Auteur Ocean Vuong aus dem Hanser Verlag. Mat sengem éischte Lyrikband gouf den Ocean Vuong praktesch iwwer Nuecht zum Shooting Star vun der amerikanescher Géigewaartslyrik. Iwwer dee villverspriechenden Auteur a seng Lyrik dem Léon Rinaldetti seng Andréck.

auto_stories

3 min

De jonke vietnameesesch-amerikaneschen Auteur Ocean Vuong huet mat sengem Roman "Auf Erden sind wir kurz grandios" d'lescht Joer am däitschsproochege Raum fir d'éischte Kéier vu sech schwätze gedinn. An Amerika gouf den Ocean Vuong awer scho mat sengem Lyrikband "Night Sky with Exit Wounds", deen 2016 erauskoum, zu enger vun de remarkabelste Stëmme vun der amerikanescher Géigewaartsliteratur. D'New York Times hat säi Buch geschwënn an den Top 10 geféiert an och d'Interessen, déi d'Washington Post, Vogue, Esquire an The New Yorker him entgéint bruecht hunn, hu vill zum Vuong senger Bekanntheet bäigedroen. "Night Sky with Exit Wounds" gouf 2016, direkt nom Erschéngen, mam Whiting Award for Poetry an 2017 mam T.S. Eliot Prize ausgezeechent.

Ausnametalent

Ënner dem Titel "Nachthimmel mit Austrittswunden" koum dem Vuong säi Wierk elo beim Hanser Verlag eraus, wat eis d'Geleeënheet gëtt, d'Lyrik vun dësen Ausname-Auteur am Original an an der däitscher Iwwersetzung vun der Anne-Kristin Mittag ze entdecken.

Den Ocean Vuong gouf 1988 an der Ho-Chi-Minh-Stad, dem fréiere Saigon, am Vietnam, gebuer. A senger Kandheet ass hien zesumme mat sechs Familljememberen aus dem Vietnam iwwer d'Philippinnen no Amerika geflücht. Hei léisst säi Papp d'Famill am Stach. Den Ocean Vuong war deen éischten a senger Famill, dee liesen a schreiwe geléiert huet a spéider op eng Universitéit gaangen ass. Haut ass hien Assistent-Professer fir Literatur op der University of Massachusetts zu Amherst. De berufflechen a literareschen Erfolleg huet erméiglecht, dat hie sech, a virun allem och senger Mamm, där hie vill verdankt, en Haus kafe konnt, mat engem klenge Gaart, wéi et ëmmer hire gréisste Wonsch war.

De Vuong staamt aus enger Famill, déi nach vun enger archaescher mëndlecher Traditioun gepräägt war. D'Geschichten, déi vu Generatioun zu Generatioun iwwerliwwert goufen, hunn d'Ohnmacht an d'Hëlleflosegkeet beschriwwen, déi hiert Liewen zu jidder Zäit déif markéiert hunn. Mat senger Lyrik huet de Vuong eng Form fonnt, dësen Erënnerungen eng Sprooch ze ginn. Wéi "Night Sky with Exit Wounds" an d'Librairië koum, war de Vuong 28 Joer al. D'Titelsäit vu sengem Buch weist e Bild aus dem philippinnesche Flüchtlingslager, wou hien als Zweejärege mat senger Mamm a senger Groussmamm zesumme fotographéiert gouf. Ee Joer laang hu si do an Aarmut gelieft. Fir dat Bild hat de Fotograf vu jiddwerengem eng Dagesratioun Räis verlaangt. D'Sequellen, déi d'Kricher a friem Besatzer a senger Heemecht, dem Vietnam, hannerlooss hunn, d'Erënnerunge vum Immigranteliewen, déi dacks haart Erfarungen am amerikaneschen Alldag a Biller vu perséinlechem a kollektivem Schmäerz kommen a senger Lyrik op eng Aart a Weis zum Ausdrock, déi déif beweegt.

"Hien deet een d'Welt anescht gesinn"

De Vuong spillt mat der Form, benotzt konschtvoll-rhythmesch Elementer a seng genuine pregnant, gewot a provokant Biller gi senger Sprooch en onverkennbaren Duktus. Hien deet een d'Welt anescht gesinn, anescht erliewen, wéi am Gedicht "Treshold", wou d'Ufangsversen engem direkt en Avant-goût gi vun der Sensibilitéit an dem Déifgang, déi een an dëser Lyrik erwaarden:

In dem Körper, wo alles einen Preis hat,

war ich ein Bettler.

an e puer Verse weider an enger liicht variéierter, mee gläichermoossen ergräifender Form:

"Ich wusste nicht, dass der Preis

dafür, ein Lied zu betreten - der Verlust

des Rückwegs ist."

"Nachthimmel mit Austrittswunden" vum Ocean Vuong aus dem Hanser Verlag deet een eng ausdrocksstaark Stëmm entdecken an zugläich en Auteur, vun deem ee sécherlech nach dacks wäert héieren. Dëst Buch sief dofir alle Lyrikamateure wäermstens recommandéiert.