Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Dessy Mesk - Chops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Tillie Walden op der Sich no West am US-Staat Texas

Graphic Novel

D'Tillie Walden op der Sich no West am US-Staat Texas

D'Tillie Walden ass eng Cartoonistin an Illustratrice vun Austin am US-Staat Texas. Si ass 1996 gebuer, huet awer scho fënnef Graphic Novels an ee Webcomic publizéiert, dat meescht nach wärend hire Konschtstudien am Vermont. Si gouf déi Zäit och scho mam Eisner Award, souzesoen mam Oscar fir Cartoonisten, ausgezeechent. Stilistesch ass d'Tillie Walden haaptsächlech vu japanesche Mangaen inspiréiert, hir Sujete si bannenzeg Dämonen an Ängschten, de Coming-Out, de Feminismus.

auto_stories

3 min

Fortfueren, respektiv fortlafen, fir heem, fir bei sech selwer unzekommen. D'Tillie Walden schéckt dofir dräi Ausrësser op déi texanesch Stroosse vun hirer Graphic Novel: d'Bea, 18 Joer al, hält et doheem wéinst enger iwweler Familljegeschicht net méi aus, ënner anerem och, well et et net fäerdeg bréngt, mat den Elteren doriwwer ze schwätzen a mécht sech ouni Plang, also ouni Zil a Landkaart, ze Fouss op de Wee.

Begéint zoufälleg der Nopesch Lou, 28 Joer al, Automecanicienne, déi den Doud vun hirer Mamm net verkraaft, a mat där hirem butzegen Auto plus butzeger Caravane a Richtung Tatta ausbrécht. An op der Art aire de repos mam Numm "Diamond" fält dem Bea eng Kaz op, déi do, vun alle gudde Mais verlooss, ronderëm fatzt. Op hirem Collier steet hir Adress, an der texanescher Stiedche West; also paken déi Zwee de Grominee an, deefen en "Diamond" an decidéieren, e bei seng Meeschteren ze bréngen. Allerdéngs ass West op der Lou hire Kaarten néierens agedroen.

E magesche Chaos-Trip

"are you listening?" beschreift oder be-zeechent e Roadtrip, net am Genre vum Film "Thelma and Louise", nee, vun deem Moment un, wou den Diamond op der Bün opdaucht, entwéckelt d'Rees sech ëmmer méi zu engem magesch-realisteschen Chaos-Trip: Zwee däischter Typpen, déi op der Sich no enger Kaz sinn, poursuivéieren d'Lou an d'Bea.

D'Stroosse brieche quasi ënner hire Pneuen ewech, verléiere sech a surrealistesche Kéieren, zerbréckelen. Architektur an Natur wucheren a bossege Formen an d'Onendlecht, grad esou wéi d'Persecuteuren; d'Wieder spillt verréckt. Dat Ganzt an enger konstant reduzéierter roudelzeg bis mofer Faarfpalette, mat vill schwaarz.

D'Grenze vum Comic verschwammen

An deene Situatioune spillt Tillie Walden och mat der Form vun den typesch véiereckege Cartoonkëschten, verdeelt ee Personnage op e puer Rechtecker, verwandelt se an Trapezer, léisst d'Konture komplett op, d'Grenze verschwammen. Der Lou wuessen zum Beispill hanner dem Steierrad d'Gedanken an déi nächst Këscht.

Zu der Roll vun Architektur, Konstruktiounen, Strukturen, och natierlecher, sot d'Tillie Walden an engem YouTube-Interview mat der amerikanescher ONG fir pedagogesch Projeten PBS, datt si dovunner quasi obsedéiert wier. Si géif keng architektural Referenzen, wéi Fotoen, sichen: d'Konstruktioune géife sech spontan an hirem Kapp zesummesetzen. An zwar aus all deenen Plazen, déi si an hirer Kandheet gesinn hätt.

Eréischt wéi d'Lou an d'Bea zimmlech spéit ufänken, den aneren, respektiv sech selwer, ze vertrauen, sech opzemaachen, huelen hir Autopiloten, also hiert bannenzegt Gedankekarussell, d'Féiss vum Gas. Zimmlech spéit oder ze spéit? Zum grousse Crash ass et bei hirem Tempo do nämlech scho komm ...

Déi eege Vergaangenheet

Et mécht een immens fäerdeg, Angscht viru senger eegener Vergaangenheet, viru sengen eegenen Experienzen ze hunn, fënnt d'Tillie Walden. An all hire Graphic Novels dauchen eng Hellewull autobiografesch Elementer op. Vu datt si en Talent fir Comiczeechne bei sech entdeckt hätt, hätt si sech domat heele wëllen. Si hätt och definitiv net waarde wëlle bis si 40 wier a mat méi Maturitéit reflektéiere kéint, dat géif fir si kee Sënn maachen.

"are you listening?", gelungenerweis ass d'Graphic Novel "sur la route de west" op Franséisch an "West. West Texas" op Däitsch iwwersat ginn, ass eng reusséiert poetesch gezeechent an eescht geschriwwe Geschicht - bei där d'Zeechnunge ganz kloer dominéieren - iwwer d'Wichtegkeet, nozelauschteren, fir eben och nach dat ze héieren, wat net direkt gesot gëtt.