Radioen

On air

Notturno  |  Jana Horn - After All This Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Schwäizer hunn de Service public gerett

Medien

D'Schwäizer hunn de Service public gerett

D'Schwäizer hunn zu 70 Prozent refuséiert d'Redevance fir Radio an Televisioun ofzeschafen. Si hunn domadder de Service public gerett. Eng gutt Saach fir Informatioun a Kultur, mengt de Lucien Kayser.

auto_stories

2 min

Virun annerhallwer Woch waren an Italien Wahlen. D'Italiener sinn awer nach wäit ewech vun enger Regierung. An dorëms geet et hei och net. Awer dee Politspektakel huet sécher mat sech bruecht, datt méi oder wéineger vergiess gouf, datt de 4. Mäerz och op enger anerer Plaz d'Leit ofgestëmmt hunn. Nämlech d'Schwäizer Noperen.

Si ware bei enger "Votatioun" opgeruff, sech fir oder géint d'Ofschafe vun der Redevance fir den ëffentlech-rechtleche Radio, fir d'Televisioun, fir de Service public ze prononcéieren. 70 Prozent vun hinnen hunn Nee gesot zur Initiativ "No Billag". Dat ass den Numm vun der Rechnung, déi all Schwäizer forcéiert ass ze bezuelen.

Privatiséierung an ekonomesch Interêten

Déi Initiativ war lancéiert gi vun de Rechtskonservativen, de jonken Neoliberalen an ënnerstëtzt vun der Schwäizer Vollekspartei vum Christoph Blocher. Et gesäit een also a wat fir eng Richtung et sollt goen: Privatiséierung an ekonomesch Interêten.

Dobäi muss ee soen, datt déi Schwäizer mat hirem Vote ëmsou méi Merite hunn, well si an Europa déi héchste Redevance musse bezuelen: Ronn 400 Euro.

An am Ufank vun der Campagne hat et net no sou engem klore Resultat ausgesinn. Et muss eng gutt Opklärung geschitt sinn, an eng Reflektioun vun deenen eenzele Leit. Well wéi eng fräi a kritesch Informatioun garantéieren, wann d'Kommunikatioun ganz an den Hänn vu privaten Interête läit? Et weess ee selbstverständlech och, datt et op Säite vum Staat ka Mëssbrauch ginn, a sief et nëmmen, datt déi richteg Leit op déi richteg Plaze gesat ginn.

Véier Sproochen

An der Schwäiz gouf besonnesch vill iwwer d'Plaz vun der Kultur diskutéiert. An iwwer den Zesummenhalt vun engem Land, wou véier Sprooche musse vum Radio an der Televisioun gedroe ginn.

Vläicht hunn och Evenementer vu baussen zum Resultat bäigedroen. Déi sou hefteg wéi lächerlech Attacke vun der FPÖ an Éisträich géint den ORF an hiren exzellente Journalist Armin Wolf. Oder déi méi tragesch Morde vu Journalisten zu Malta an an der Slowakei. Matten an der Europäescher Unioun. D'Schwäiz gehéiert net dozou. Mä hir Lektioun vun Demokratie misst och hei ze bedenke ginn. A wat fir Radio an Televisioun a Saache Service public gëllt, ass och op aner Terrainen z'iwwerdroen.