Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Resilienz vun der Natur

Expo

D'Resilienz vun der Natur

Ufank Februar hunn d'Martine Feipel an de Jean Bechameil hire "Garden of Resistance" am Mudam ageweit. Dobäi handelt et sech ëm eng Installatioun vu Skulpturen, déi speziell fir dem Musée säi Jardin des sculptures kreéiert gouf. Et geet ëm d'Relatioun tëschent Natur an Technologie - oder dorëms, wéi een sech eng reusséiert Hybridatioun tëschent Natur an Technik virstelle kann. Dobäi huet d'Kënschtlerkoppel de leschte Summer eng komplett aner Erfarung gemaach.

auto_stories

4 min

"S'attaquer à un problème": iwwerdeems d'Martine Feipel an de Jean Bechameil mat hirer Konscht, also och mat vill Aluminium an Technologie, Froen zum Theema "Ausbeutung vun der Natur duerch de Mënsch a seng Ofhängegkeet vun der Technik" attackéiert hunn, huet d'Natur si attackéiert.

De Jean Bechameil fënnt, datt d'Natur dofir do ass, fir eis heiansdo drun ze erënneren, datt d'Waasser och alt emol bis op 1,20 Meter Héicht an engem sengem Hangar stoe kann.

"D'Natur ass haut", seet d'Martine Feipel, "ënner anerem duerch de Mënsch komplett dereguléiert". Si hätt elo den Alarm ausgeléist, fir datt mir d'Saachen ännere sollten.

"De Jean an ech si faszinéiert vun der Industrie an der Technologie, vun all deene Spillereien, déi si eis bidden. Dat bedeit awer net, datt mir d'Natur net schütze wëllen. Mir setzen d'Technologie net fir hir 'normal' Funktioun an, mee fir kritesch Aussoen. Esou wëlle mir op Mëssstänn opmierksam maachen. Eis interesséiert déi industriell Iwwer- an Hyperproduktioun net: domat muss endlech Schluss sinn!"

"Et fënnt een net nach emol déi selwecht Energie"

De Juli 2021 kënnen déi zwee Kënschtler alles anescht ewéi dréchen analyséieren, well hinne just hannert der Grenz an Däitschland, an hirem an der Kënschtlerin Su-Mei Tse hirem Depot d'Iwwerschwemmunge bis zum Hals stoungen.

Wat hinne geschitt wier, seet d'Martine Feipel, wier eng reell Katastroph: "An eisem Dépôt stoungen déi lescht zéng Joer Aarbecht, verschidde Skulpturen, déi nach gewise gi sollten, anerer, un deene mir zanter Jore reegelméisseg dru schaffen, déi awer nach net fäerdeg waren."

Am Depot stoungen d'Elementer vun hire Raum-Installatiounen, fir déi si méintelaang alles ginn hätten, vu Moies fréi bis Owes spéit.

"Mir ginn ëmmer alles, och wann dat par rapport zum Budget net rentabel ass, mee mir wëllen einfach eppes erausfannen, esou ass dat als Kënschtler. D'Konschtwierker, déi vum Héichwaasser attackéiert gi sinn, kënne mir elo net einfach nach emol maachen. Et fënnt een net nach emol déi selwecht Energie."

D'Martine Feipel seet, datt een um Buedem zerstéiert ass, wann "zéng Joer vun dengem Liewen einfach esou iwwerschwemmt, quasi gekillt gëtt". Et wéilt een sech awer och net komplett hänke loossen, also géif een, wéi ënner Schock, ufänken, de Leit unzeruffen an no Hëllef ze froen.

Verschidden Aarbechte konnten net méi gerett ginn

Esou huet d'Kënschtlerin nach vun der Plaz selwer d'Oeuvre fir eng Hëllef bei de Moyene kontaktéiert, d'Escher Konschthal fir den SDF-Konschtwierker en temporären Ënnerdaach ze verschaffen, an aner Kënschtler gefrot, fir eng Hand mat unzepaken.

"Tëschent den Affer gouf et Solidaritéit. Do ware Leit, di hunn et fäerdeg bruecht, Fonge fir en Neistart oder fir Konscht-Restauratioun zesummen ze bréngen. Domat konnt ee villes remplacéieren, awer nach laang net alles. Et gi Wierker, déi mir onbedéngt rette mussen, well mir si mat Sécherheet nach weise wëllen. An da ginn et eben déi Aarbechten, wou mir akzeptéiere mussen, datt si hiert Liewe gemaach hunn."

Hei stellt sech d'Fro, ob d'Schied ze evitéiere gewiescht wieren. D'Kënschtlerkoppel ass virun e puer Joer vun Esch-Uelzecht op Bréissel geplënnert a stellt europawäit aus. Hiren Depot ass awer an enger Zort däitschem No man's land.

De Jean Bechameil seet, et wier net esou einfach, Lagere fir d'Konscht ze fannen, déi vum Präis hir och abordabel wieren. Déi Persoun, déi hinnen den Depot lount, hätt esou eng Katastroph an 30 Joer nach ni erlieft.

Den Drang, weider ze maachen, bleift bestoen

D'Martine Feipel an de Jean Bechameil si sech bewosst, datt weder hiert Liewen nach hir komplett Existenz am Héichwaasser ënnergaangen ass. Am Verglach zu aneren hate sich nach Gléck. D'Kënschtler wëssen och, datt een hinnen eent net kann huelen: hir Kreativitéit an hiren Drang, weider ze maachen, weider ze sichen.

Expoen hätte missten annuléiert ginn, seet d'Martine Feipel, mee am grousse Ganzen hätten si Chance gehat. Mat der finanzieller Hëllef wiere mëttlerweil verschidden Aarbechte restauréiert, an zwee vun deene Wierke géife momentan an der Kulturhaaptstad Kaunas ausgestallt ginn.

Si hätte weider Opträg kritt, un deenen si grad géife schaffen.

"Mir mussen elo einfach och an d'Zukunft kucken, d'Hoffnung net verléieren, an déi positiv Energie notzen, soss gi mer jo ënner mat deem wat net ze retten ass. Mir hunn esou ee klenge Roboter an eis, deen eis elo weider hëlleft."