Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'"Providencia" vum Daniel Reuter

LëtzArles

D'"Providencia" vum Daniel Reuter

Zanter 1969 si Les Rencontres de la Photographie d'Arles feste Bestanddeel vum Kultur-Summer vun Arles. 2017 huet d'ASBL Lëtz Arles eng éischte Kéier Aarbechte vu Lëtzebuerger Fotografen an deem Kader gewisen. Och fir 2020 waren zwee Kënschtler vun engem Jury selektionéiert ginn. Mee Rencontres reimt net op Covid-19: d'Manifestatioun gouf ofgesot. Esou datt d'Lëtzebuerger Lisa Kohl an Daniel Reuter dëse Summer eréischt a Südfrankräich ausstellen. Haut den Owend ass Vernissage. Gëschter hat d'Kerstin Thalau iech der Lisa Kohl hire Projet presentéiert, haut de Moien ass et um Daniel Reuter.

auto_stories

2 min

Den Daniel Reuter war laang net um Radar vun eiser nationaler Konschtzeen. Hien ass 1976 an Däitschland op d'Welt komm, zu Lëtzebuerg opgewuess, huet spéider an Island Graphikdesign an an Amerika Fotografie studéiert, ier e sech nees an Island néier gelooss huet.

D'Michèle Walerich vum CNA-Fotodepartement, zum Beispill, ass am Ausland op den Daniel Reuter ugeschwat ginn. Esou huet si seng Aarbecht kenne geléiert, da gefërdert, elo begleet si säi Projet fir Arles. Do wäert de Fotograf an der historescher Chapelle de la Charité, zesumme mat der Lisa Kohl, souzesoen Lëtzebuerg representéieren.

Eng aner Plaz

En Dram, keng Providence, also keng héijer Muecht, déi d'Schicksal vun de Mënschen, de Laf vun der Weltgeschicht beaflosst? "Providencia" ass dem Daniel Reuter säin Arles-Projet iwwerschriwwen, no engem Quartier vu Santiago di Chile mam gläichen Numm.

Nodeems de Fotograf knapps fënnef Joer islännesch Landschaften a schwaarzwäiss geknipst hat, huet hie seng Aarbecht a Fro gestallt, sech fir en Uertswiessel décidéiert. A vu datt d'Documentaire vun engem chilenesche Realisateur hien nohalteg beandrockt haten, ass hien 2016 bis a Patagonie gereest; vun Island aus muss een dofir zwee bis dräi Deeg arechnen.

Vun Architektur op Portrait

Ufanks huet den Daniel Reuter d'Landschaft vu Santiago agefaangen, also d'Architektur. Mee en huet e Bedierfnis gespuert, Leit ze weisen, wat fir hie komplett nei war, well e sech ni mat der Portraitsfotografie beschäftegt hat. Vläicht mat eng Ursaach, firwat elo d'Mënschen op senge Klischeeën bal wéi Objeten, wéi Elementer, wéi z.B. d'Architektur, eriwwerkommen?

"Den Daniel Reuter mécht a sengen Aarbechten de Spagat tëscht Erlieftem a Fiktioun, an zwar op eng poetesch a philosophesch Manéier", ass op sengem Site danielreuter.net ze liesen. Do fënnt een och fréier Projeten. Verschiddener erënneren un d'Äisbierg-Problematik, besser un déi spréchwiertlech Spëtzt vum Äisbierg. Wëllt hien eis mat senger Fotografie mat an d'Déift huelen? Ass si de Moyen dofir?