Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Oscaren - Lëtzebuerg ouni Präis

FILM

D'Oscaren - Lëtzebuerg ouni Präis

Déi zwou Lëtzebuerger Co-Produktiounen déi des lescht Nuecht fir Oscaren nominéiert waren, ginn ouni gëlle Statue heem. De Lëtzebuergesch-Rumänesche Film Collective war fir de beschten Documentaire a fir de beschten auslännesche Film nominéiert. Den Iresch-Lëtzebuergeschen Animatiounsfilm Wolfwalkers huet et och net gepackt

auto_stories

2 min

D'Konkurrenz war wuel einfach ze staark. De Film Wolfwalkers, vu Mélusine Productions co-produzéiert, huet géint de Favorit verluer. Deen heescht Soul an ass vu Pixar an Disney, e war eng Nummer ze grouss an der Kategorie vum Long-métrage Animatiounsfilm.

D'Produzente vum Lëtzebuergesch-rumäneschen Dokumentarfilm Collective haten op eng méi realistesch Iwwerraschung gehofft. D'Equipe vu Samsa, an dem Film säi Lëtzebuergesche Produzent Bernard Michaux, dee bei der Zeremonie dobäi war, hunn wéi erwaart géint de dänesche Film Another Round verluer. Dat war an der Kategorie vum beschten auslännesche Film wou Collective fir Rumänien um Start war.

Den Oscar goung un My Octopus Teacher, e Film, dee vill Amerikaner wärend der Pandemie doheem entdeckt hunn. Do huet een no der Zeremonie dach e bësse Batterkeet verspiert bei der Ekipp vu Collective. De Publikumsliebling huet gewonn, net de beschte Film, schéngt hier Meenung ze sinn. En plus hat d'Ekipp ëm de Bernard Michaux sech Hoffnung gemaach.

Nomadland de grousse Gewënner

De grousse Gewënner vun dëser Oscar-Nuecht war de Film Nomadland. Als déi éischt net wäiss Fra déi als bescht Realisatrice gefeiert gëtt geet d'Chloe Zhao an d'Geschicht an. Hire subtillen, poetesche Film war méi bëlleg wéi déi meescht aner amerikanesch Filmer.

En zielt d'Geschicht vu Nomaden déi an der moderner amerikanescher Ekonomie an hire Roulotten duerch d'Land reesen, op der Sich no der nächster Aarbecht. D'Schauspillerin Frances McDormand huet och den Oscar gewonnen an engem Film, dee soss bal keng Schauspiller benotzt, nëmmen déi richteg Nomaden. Nomadland huet och de Präis vum Beschte Film gewonnen.

Des Oscar-Zeremonie huet méi Diversitéit gewise wéi anerer déi lescht puer Joren déi fir ze vill wäiss a männlech Gewenner kritiséiert goufen. Iwwerraschenderweis goung den Oscar fir de beschte Schauspiller un den Anthony Hopkins, an net un de verstuerwene Chadwick Boseman.

Eng aner Zeremonie

Dës Oscare ginn hoffentlech als déi eenzeg an d'Geschicht, déi wéinst enger weltwäiter Pandemie ganz anescht ausgesinn hunn. Et gouf manner Invitéen, vill vun hinne konnten net perséinlech dobäi sinn, an de rouden Teppech huet zimmlech eidel ausgesinn.

Trotzdeem waren des Oscaren eng hoffnungsvoll Visioun vun der noer Zukunft. Leit déi eng Woch laang reegelméisseg fir de Covid-19 getest goufen, a vill déi de Vaccin an den USA kruten, konnten zesumme kommen, zwar mat der néideger Distanz mee och mat manner Angscht sech géigesäiteg unzestiechen.