Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cousin Kula - Hangin' On Your Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Niddeschgaass zu Diddeleng

Lokalgeschicht

D'Niddeschgaass zu Diddeleng

Kaffi, Tubak, Brout a souguer ee Kino: An der Gemeng zu Diddeleng gëtt eng Ausstellung iwwert d'Entwécklung vun der Akafsstrooss gewisen. Den Ausgankspunkt sinn Interviewe mat fréiere Geschäftsleit.

auto_stories

4 min

Ee "Lieu de mémoire", ass laut dem Historiker Pierre Nora, deen dëse Begrëff erfonnt huet, net onbedéngt eng geografesch Plaz: Et handelt sech dobäi éischter em en Element aus der Vergaangenheet, dat an der kollektiver Erënnerung bis haut viru lieft.

Ee Beispill fir sou ee "Lieu de mémoire" ass déi Diddelenger Niddeschgaass, déi symbolesch fir ee Matenee steet an enger Stad, déi vun der Stolindustrie an der Immigratioun gepräägt gouf.

Kaffi, Tubak, Botter a Brout

"Mir ginn an d'Duerf" seet een ëmgangssproochlech wann ee bis an d'Niddeschgaass geet. Offiziell heescht se Avenue Grand-Duchesse Charlotte. An dëser Akafsstrooss gouf et déi ënnerschiddlechst Geschäfter. Vun der Kaffi-Réischterei "Brésil", iwwert d'Tubaksgeschäft "Holsper", der Epicerie "Palluca" bis zu der Bäckerei "Woltz". Alles wat ee gebraucht huet, fir den Alldag an enger Stad ze bestreiden.

Eng ganz Rei spannend Aspekter hu sech bei dë Recherchen zu der Diddelenger Geschäftswelt erauskristalliséiert. Datt et hei ee Kino gouf, weess sécher net méi all Mënsch zu Diddeléng. Niewent der Lokalgeschicht huet d'Historikerin sech och mat Sujete wéi Migratioun, oder d'Geschicht vum Commerce an de Familljebetriber beschäftegt.

Gespréicher mat Zäitzeien

D'Expositioun koum duerch Gespréicher mat Zäitzeien an duerch d'Zesummenaarbecht mam Aarbechtsgrupp "Mémoire collective", dem CNA an dem CDMH zustanen. D'Initiativ goung vun der Diddelenger Gemeng aus, déi de Projet am Kader vu weidere wëssenschaftlechen Aarbechten iwwer Diddeleng an seng Geschicht an Optrag ginn huet.

D'Ausstellung gëtt bis den 30. Juni an der Gemeng zu Diddeléng gewisen

Virun allem fréier Geschäftsleit an hir Kanner wären interviewt ginn, erkläert de Buergermeeschter Dan Biancalana. D'Historikerin Laura Caregari vun der Uni Lëtzebuerg huet ronn 30 Interviewe realiséiert, fir d'Geschicht vun 11 Geschäfter ze retracéieren. Hir viregt Aarbechten iwwert Stolaarbechter zu Lëtzebuerg hunn hir bei dësem Projet gehollef. "Ech hunn de Bassin Minier an déi eenzel Stied mat hiren Institutioune gutt kannt, well ech vill ronderëm komm sinn", esou d'Laura Caregari.

D'Expo ass nach bis den 30. Juni am Hall vun der Gemeng ze gesinn. Duerno soll se a Schoulen oder zum Deel och a Geschäfter kënne gewise ginn, sou den Dan Biancalana. Net alleguer d'Materialien ginn an der Ausstellung gewisen. En Deel vun den Interviewe läit am CNA fir zukünfteg Fuerschungen.​