Radioen

On air

Notturno  |  Kate NV - Plans

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Maueren duerchbriechen

Danz

D'Maueren duerchbriechen

Am "TalentLab" am Groussen Theater kënne Kënschtler ouni de gewéinlechen Drock vun Deadlinen a Produzente wärend zéng Deeg un engem Projet experimentéieren. Hiert Resultat kënnen si dann un engem Public testen. Dëst Joer hat de multidiszipläre Kënschtler Kieron Jina och dës Geleeënheet.

auto_stories

2 min

Et muss een net wäit siche goen, fir ze gesinn, wéi a ville Beräicher erëm Grenzen dicht gemaach a Maueren eropgezu ginn - dat kann aus Angscht sinn, virun neie Saachen, alles, wat friem schéngt, oder och aus Onsécherheet virun deem, wat nach wäert kommen.

Mat Exklusiounen ass dacks och vill Leed verbonnen. Opzedecke gëllt et dës Mëssstänn ënner anerem doduerch, datt een sech austauscht, en Echange favoriséiert vu Geschichten, Perspektiven, an Erliefnisser.

Maueren ofbauen - esou ass och d'Approche vum südafrikanesche Kënschtler Kieron Jina. Si hunn am Kader vum TalentLab hir Recherche mam Titel "Breaking Down Walls" matbruecht. Zentral sinn an dëser Aarbecht d'Theeme vun der Migratioun, der Race an der Queerness.

Schéinheet schafe ronderëm politesche Situatiounen

"Um Ufank war mir virun allem d'Liberatioun vu Leit, déi sech als LGBTQI+ identifizéieren, wichteg. Mir mussen ufänken, eis Sprooch tëschent eis méi bewosst ze benotzen, och besser mat eise Ressourcen ëmzegoen. Ech ginn déi Saach konzeptuell un: Wéi schafen ech Schéinheet ronderëm politesch Situatiounen? De Wëlle fir Verännerung gëtt ëmmer méi grouss, a mir versichen, do vir bäi ze sinn."

"Breaking Down Walls" entsteet zesumme mam Komponist an Instrumentalist Yogin Sullaphen, a verbënnt déi mëndlech Traditioun, Danztheater an déi visuell Konscht. Eng fruchtbar Zesummenaarbecht, déi ëmmer erëm d'Puissance vum Storytelling ënner Beweis stellt:

"Mir schaffe vill mat Perkussioun, awer och mat Kultur, souzesoen. Musek ass esou kulturell a mathematesch am selwechte Moment. An dotëscht gëtt et Raum fir d'Manipuléieren, well ee kulturell Informatiounen doraus kann zéien, et ka veränneren - esou, datt et deenen, déi et gesinn, eng aner Interpretatioun bitt, a si hir eege Maueren doduerch gechallenged fillen."