Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Luxembourg Art Week ass dëst Joer digital

Konscht

D'Luxembourg Art Week ass dëst Joer digital

Dës Woch huet d'Luxembourg Art Week ugefaangen. Opgrond vun den aktuelle sanitäre Restriktiounen huet een awer missen am leschte Moment op eng digital Versioun ëmklammen. Vun e Mëttwoch u kann een da via 3D-Simulatioun duerch d'Victor Hugo Hal spadséieren a sech Biller ukucken. Eng Léisung, déi net just Nodeeler huet.

auto_stories

3 min

D'Galerië sinn zum groussen Deel déi nämmlecht wéi d'lescht Joer. Et gëtt der esouguer méi wéi déi Jore virdrun. D'Reechwäit an d'Ausland vun der Luxembourg Art Week bleift also weiderhi grouss, obscho quasi a leschter Minutt alles op digital huet missen ëmgestallt ginn.

Mat der Verdueblung vun der Neiinfektiounen all Woch war et fir d'Stad Lëtzebuerg iergendwann net méi ze veräntwerten, an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg eng Ausstellung mat iwwer honnert Leit ze toleréieren, an esou huet een, e puer Deeg nodeems si de prinzipiellen Accord kritt haten, d'Organisateuren ob déi eege Bedenken higewisen.

Ganz wéi bestallt a net ofgeholl huet ee sech dann awer net gefillt, seet den Alex Reding, Galerist a CEO vun der Luxembourg Art Week:

"Mir haten dat do virgesinn. Et ass traureg fir eis all an d'Ekippen, an ech selwer waren e bëssen depriméiert dee Moment, wou mer gesinn hunn, datt déi ganz Méi vum Joer, déi mer ons gemaach hunn, net dat Zil konnten erreeche wat mer wollten, mir waren awer preparéiert. An anere Wierder: mir haten eng 3D-Variant ugestouss schonn am Juni fir de Fall wou, an déi wäert elo d'Evenement selwer ersetzen."

Konscht an 3D

Dës 3D-Versioun vun der Hal Victor Hugo léisst sech dann och weisen, wéi dat gëscht op enger Pressekonferenz demonstréiert gouf. Zwar wäert déi virtuell Visitt viraussiichtlech eréischt e Mëttwoch fräigeschalt ginn, et kéint een dann awer eng nogebauten Hal Victor Hugo an d'Atmosphär vun der Ausstellung dobanne quasi wéi a Wierklechkeet noempfannen.

Et hätt een esouguer de Plaffong renovéiert, mécht den Alex Reding de Geck:

"Déi Stänn, déi nogebaut gi sinn, sinn och um Format a mat deene Cimaisen, esou wéi d'Galeristen se a Wierklechkeet gehat hätten, esou datt och déi Ophänkungen, déi mer do hunn - déi Accrochagen - d'Galeristen och an de Wierklechkeet gehaangen hätten."

Déi eenzel Biller kann een dann uklicken an eng Fënster mam Kënschtler an dem Präis vum Bild geet op. Den Online-Katalog léist eng Recherche esouwuel no Nimm vun Artisten, no Galerien an Exposanten zou, esou. Och wiere Sponsoren op ee Bléck siichtbar.

Iwwerhaapt kéint ee mat deem Site eng 300.000 Leit erreechen, däitlech méi wéi de 15.000 Visiteuren, déi d'Luxembourg Art Week a normalen Zäiten unzitt. En Aspekt, vun deem och Sponsore profitéieren dierften.

De festiven Deel feelt

D'Strategie vun der Luxembourg Art Week war an ass et sech esou breet an esou demokratesch ewéi méiglech opzestellen. D'Foire ass dann och an dräi Kategorien ënnerdeelt: eemol de sougenannten Take off, dee jonke Galeristen eng prominent Plaz gëtt, de FOCUS bei deem gezielt Galeristen aus enger Stad - dës Kéier Bréissel - ageluede gi waren.

Zu gudder Lescht gëtt et d'Main Section, wou d'Krittäre méi selektiv gewiescht wieren, mengt den Alex Reding, dee natierlech dee festiven Deel vun der Art Week vermësst mat Iessen a Renconteren - obwuel donieft eng ganz Partie aner kulturell Aktivitéite géife stattfannen an Zesummenaarbecht mat enger Carte blanche vum Casino, dem Salon du CAL an dem LEAP-Präis vun de Rotonde:

"Wat awer nach verluer geet, an dat ass vill méi wichteg, dat ass, datt een net méi d'Presenz vun de Wierker huet, dat heescht de Spectateur, dem Amateur d'art, de Collectionneur steet net méi physesch viru sengem Wierk, wat e gär huet, an dat ass e grousse Verloscht, well Konscht ass nach ëmmer eng Konfrontatioun direkt mat engem physeschen Objet, deen eng gewësse Qualitéit huet, deen eng Faarwegkeet huet, eng Gréisst huet, eng Ausstralung huet - en Impakt op een.