Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Liewe kéint méi schéi sinn ouni dës Tensiounen"

Cineast

"D'Liewe kéint méi schéi sinn ouni dës Tensiounen"

De mazedonesche Film "When the Day had no nName" vum Teona Mitevska behandelt ee Fait divers aus dem Joer 2012, deen déi ethnesch Tensiounen a Mazedonien, tëschent Mazedonier an Albaner, zougespëtzt hat. Eng vun de Schauspillerinnen a Co-Produzentin, d'Labina Mitevska, war zu Lëtzebuerg. Si ass d'Schwëster vun der Realisatrice.

auto_stories

6 min

Interview Labina Mitevskaplay_arrow

Michel Delage: Äre Film "When the Day had no Name" geet mat enger Warnung un. 2012 waren a Mazedonien d'Läiche vu véier Jugendlecher fonnt ginn. De Film géif awer net dorëms goen. Wat ass dann elo de Sujet?

Labina Mitevska: Mir hunn eis un dësem Tëschefall inspiréiert. Ee Moie goufe véier Jugendlecher, déi exekutéiert gi waren, bei engem Séi net wäit ewech vun der Haaptstad Skopje entdeckt. Dat hat deemools jidderee gëeekelt. Meng Schwëster a Realisatrice Teona sot: "Mäi Gott! Wéi einfach ass et, fir e Liewen op en Enn ze bréngen! Haut bass de do, muer bass de net méi do. Virun allem Jonker, déi eréischt am Liewen ugefaangen hunn."

Mir haten ëmmer den Androck, datt Mazedonien - an de Balkan am allgemengen - eng ganz aggressiv Gesellschaft ass. An eisem Film si sechs Jongen. Mir hunn eis virgeholl, hiert Liewen ze suivéieren, hiert Ëmfeld, hir Famillen. Mir wollten iwwer si eis Gesellschaft weisen. Ee weidere Problem a Mazedonien ass de Masse-Chômage. Jiddereen dreemt dovun, d'Land ze verloossen. Mir wollten dat Liewen a Mazedonien exploréieren, dat si esou bedréckt.

Een anere wichtege Sujet am Film ass d'Bezéiung zu de Fraen, d'Dominatioun vu Männer iwwer Fraen. Wéi sidd Dir dee Sujet ugaangen?

Meng Schwëster Teona an ech beschäftegen eis schonn zënter 20 Joer mat deem Thema, zënter mir eis Produktiounsgesellschaft an d'Liewe geruff hunn. Am Balkan herrscht dës Macho-Kultur, a fir eng Fra ass et guer net einfach ze kreéieren, an der Filmindustrie aktiv ze sinn.

An all senge Filmer schwätzt d'Teona iwwert déi sozial Aspekter vun der Gesellschaft, iwwert d'Fraen. Dat heiten ass elo säin éischten, an deem et ëm sechs Männer geet. Donieft gëtt et dräi Fraen, déi zwar am Film a gläichzäiteg net dra sinn. Si huele keng Decisiounen, si loosse sech just dreiwen, Fraen ouni Kapp. Si sinn zwar do, mä an der Gesellschaft si si net staark, nach net. Huele mir beispillsweis d'Politik. Mir hunn elo a Mazedonien Lokalwahlen. Ënnert de 50 Buergermeeschtere si just zwou oder dräi Fraen.

Dir spillt eng vun den dräi Fraen am Film "When the Day had no Name", d'Stéifmamm vun engem vun de Jongen. An dee Personnage huet eben net vill Relief.

Jo, si ass net präsent. Si sollt et zwar sinn, als Stéifmamm, an enger Famill an där de Papp dominéiert, mä net do ass. Hir Aufgab ass et am Prinzip, sech ëm d'Haus an ëm d'Kand ze bekëmmeren, mä si mécht dat net. Si probéiert, mä alles wat si mécht, entwutscht hir.

Et gëtt am Film eng Spannung, doduerch datt et sech ëm Teenager handelt, net ëm Erwuessener. Si huelen d'Liewen net esou eescht. Si si responsabel fir d'Manéier, wéi si mat Fraen ëmginn?

Meng Schwëster Teona sot viru Kuerzem an engem Interview: "Gewalt bréngt Gewalt mat sech. A sou wéi mir handelen, dat brénge mir eise Kanner bäi als déi richteg Aart a Weis fir ze handelen." Et ass Zäit, fir eis ze besënnen, fir ze kucken, wou d'Problemer leien an unzefänken, anescht ze handelen. Well dat heiten ass d'Welt, an där mir liewen.

A jo, d'Teenager si verantwortlech fir dat, wat si maachen. Mä dat wat si maachen, hu si vun hiren Elteren, vun der Gesellschaft geléiert. Ech si sécher, datt Dir zu Lëtzebuerg net déi Problemer hutt, mä aner Problemer. Ech mengen, dës Gewalt ass ee grousse Problem hautdesdaags an der Welt. Mir musse Saache wéi Gläichheet an Toleranz léieren, fir datt d'Welt fir jiddereen eng besser Plaz gëtt fir ze liewen.

Déi sechs Jongen aus "When the Day had no name"

Am Balkan gëtt et plazeweis och ee Problem mat der Vendetta, wat eng al Traditioun ass. Wéi léist een esou ee Problem?

Ech mengen, dat gëtt et ëmmer manner. Déi Zort al traditionell Reegele gi vun den neie Generatioune geännert. Bis virun zéng Joer waren d'Gesellschaften am Balkan zou, mir hu Visae gebraucht, et konnt een net eraus. Et war haart. A Mazedonien si mer zënter siwen-aacht Joer méi oppen. D'Leit reesen, si gesinn, wéi d'Mënschen am Ausland liewen. Ech mengen, dat hëlleft eis, fir datt d'Gesellschaft sech zum Bessere verännert.

Een anere Sujet am Film sinn déi ethnesch Spannungen tëschent de Mazedonier an den Albaner. Et gëtt Zeene vun Ausenanersetzungen tëschent de mazedonesche Jongen an albanesch Jongen oder Männer.

Eppes manner wéi 25 Prozent vun der Populatioun a Mazedonien sinn Albaner, Moslemen. Et si kleng tierkesch, serbesch, wallachesch Minoritéiten. Et ass eng ganz multiethnesch Gesellschaft. Mä ech hunn d'Gefill, datt mir dat net richteg notzen. Hei zu Lëtzebuerg, wat och eng gemëschte Gesellschaft ass, schwätzen d'Kanner fléissend dräi Sproochen.

A Mazedonien ass alles gedeelt. D'Mazedonier ginn a mazedonesch Schoulen, d'Albaner ginn an albanesch Schoulen. Déi eng wäerten net d'Sprooch vun deenen anere léieren. Dat alles produzéiert Tensiounen. Wéi 2012 dës Jugendlech higeriicht gi waren, war d'Situatioun an den dräi Méint duerno esou gespaant, datt ee Biergerkrich hätt kéinten ausbriechen. D'Albaner waren all dobaussen op der Strooss, fir ze soen: "Neen, mir hu si net ëmbruecht, beschëllegt eis net." An d'Mazedonier hunn d'Albaner beschëllegt an d'Schold vu sech gewisen. D'Police huet déi zwou Gruppe missten auseneen halen.

"Léiere mateneen ze liewen"

Et ass evident, datt eppes net an der Rei ass. D'Albaner hunn hir politesch Parteien, d'Mazedonier hir, et gëtt sech net vermëscht. A Bosnien an a Serbien ass d'Situatioun ähnlech. A Länner wéi Lëtzebuerg oder der Belsch gi sou Saache gutt gereegelt. Dorausser kéint ee léieren. Mir mussen eis Gesellschaft opmaachen a léieren, wéi ee matenee ka liewen. Léieren, datt d'Liewe méi schéi ka sinn ouni dës Tensiounen.

Wann een déi politesch Entwécklunge kuckt am Balkan, ënnert anerem a Mazedonien, mat der ganzer Korruptioun, kann een do nach optimistesch sinn?

Dat stëmmt. A Mazedonien hate mir am leschte Joerzéngt ganz nationalistesch Regierungen. Zënter Méint hu mir eng nei Regierung, an ech hoffen, datt sech eppes ännert. Et gëtt immens vill Korruptioun a Kriminalitéit. Déi nei Regierung huet vill Aarbecht, als Bierger kann ee just hoffen, datt dat elo an déi richteg Richtung geet.

Wäert Dir Iech mat Ären zukünftege Projeten - als Schauspillerin an als Produzentin - vläicht mat där politescher Situatioun ausenanersetzen? Oder éischter mat méi allgemeng mënschleche Sujeten?

Iwwert d'Personnagë weise mir ëmmer d'Gesellschaft. Deen nächste Film geet iwwert eng Fra. An duerch hir Ae kucke mir dann op d'Gesellschaft.