Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Lady Rosa an hir staark Stëmmen

Theater

D'Lady Rosa an hir staark Stëmmen

D'Lady Rosa of Luxembourg kënnt 20 Joer no hirer ëmstriddener Ausstellung zeréck op Lëtzebuerg - an zwar an den Theater. Am Stéck "Moi, je suis Rosa" kritt d'Skulptur elo eng Stëmm.

auto_stories

3 min

Wat war dann esou dramatesch un der Lady Rosa of Luxembourg? Si war schwanger, hat riseg Féiss an um Sockel stounge Wierder wéi Resistenz, Gerechtegkeet, Fräiheet an Onofhängegkeet awer och Bitch, Madonna, Virgin, Kitsch, Kapital, Konscht...

D'Sanja Ivekovic wollt mat dëser Skulptur op d'Bild vun de Fraen hiweisen, wéi eng Bedeitung se an enger patriarchaler Welt huet, vun der Helleger bis zur Houer oder am léifste béides gläichzäiteg, an et war natierlech och eng Erënnerung un d'Politikerin Rosa Luxemburg.

Dëst emanzipatorescht Wierk huet awer villen net geschmaacht, virun allem well se knapp 50 Meter nieft der Gëllener Fra vum Claus Cito stoung, déi de Lëtzebuerger Fräiwëlleg, déi op der Säit vu Frankräich am éischte Weltkrich gekämpft hunn, gedenke soll an duerno och als Symbol géint Nazidäitschland gegollt huet.

Kraaft vun der Beweegung an der Sprooch

Et ass vill iwwer d'Lady Rosa diskutéiert ginn, mee wéi huet d'Lady Rosa sech derbäi gefillt, wat huet si geduecht? D'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux huet der Lady Rosa eng Stëmm ginn, déi aus dem Kierper vun der Céline Camara dann elo schwätzt. Nieft der Kraaft vun enger Konschtwierk ass hei dann d'Kraaft vun der Sprooch a vun der Beweegung, déi de Public absolut erreecht.

Et ass e perfekt Zesummespill vum Text, vun der Vokaler a vun der kierperlecher Ëmsetzung a vum ganz einfachen an ëm sou méi expressive Bünebild, dat d'Anouk Schilz entworf huet.

Nieft der Geschicht vun der Lady Rosa, der ganzer Polemik, an hirer éischter traureger Biographie vun 2001 bis haut, déi mat ganz vill Humor a ville Clin d'oeilen erzielt gëtt, ass et och gläichzäiteg d'Geschicht vum Bild vun der Fra.

Mir gesinn op der Bün riseg Këschten, déi nieft an openee gestapelt sinn, eben esou Këschten, an deene Konschtwierker ausernee geholl konservéiert an, esou wéi d'Lady Rosa, wech gestallt ginn.

Mat Diskretioun an Eleganz erklëmmt d'Céline Camara dës Boxen, an mat all Niveau changéiert och d'Stëmmung, si laacht, si mécht de Geck, si constatéiert, si klot un. Si ass staark a schwaach, rosen an traureg, witzeg an ironesch, och mol sarkastesch, ëmmer iwwerzeegend. An déi eng oder aner Këscht suergt dann och fir kleng Iwwerraschungen.

Deklinatioun vu Fra sinn

Dëse permanente Wiessel vun der Stëmm an der Stëmmung, der Kierperhaltung an der Héicht, vun der aus d'Céline Camara sech un den Public adresséiert, gëtt och dem villschichtegen Text vun der Nathalie Ronvaux Rechnung gedroen. Alles anescht wéi plakative Feminismus ginn hei déi verschidden Aspekter vum Fra sinn, vun hirer Vue op d' Gesellschaft a vun der Vue vun der Gesellschaft op d'Fra deklinéiert.

En intimisteschen a couragéierte Monolog, en Hommage un d'Kënschtlerin Sanja Ivekovic, un all Lady Rosae vun dëser Welt an och un den Enrico Lunghi, de fréieren Direkter vum MUDAM, deen deemools gewot huet d'Lady Rosa op Lëtzebuerg ze bréngen.


"Moi, je suis Rosa" ass am Kader vun der Initiativ "neistart Lëtzebuerg" entstanen. Den Text vun der Nathalie Ronvaux ass ënner der Regie vun der Aude-Laurence Biver ëmgesat. D'Lady Rosa, interpretéiert vun der exzellenter Céline Camara, kann een am Mamer Kinneksbond haut den Owend an dann nach bis den 11. Dezember gesinn.