Radioen

On air

Espresso Beats  |  Suki Waterhouse - My Fun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kand am Mann

Hörbuch

D'Kand am Mann

Dem Karsten Dusse säin éischte Roman "Das Kind in mir will achtsam morden" ass 2019 quasi iwwer Nuecht zum Bestseller ginn. D'Lauschterbuch, interpretéiert vum Acteur a Comedian Matthias Matschke, gouf mam "Hörbuchpreis 2020", an der Kategorie "Beste Unterhaltung", ausgezeechent. Mëttlerweil gëtt et och eng Versioun vum Karsten Dusse selwer.

auto_stories

4 min

De Björn Diemel, Affekot, 43 Joer, war vu senger Fra zu engem Mindfulness-Training verdonnert ginn, fir seng Stëmmungsschwankungen an de Grëff ze kréien. Duerno huet hie sechs Méint laang säi privat a säi berufflecht Ëmfeld mat vill Léift an Achtsamkeet nei arrangéiert: seng Fra an hien hu sech wunnlech getrennt.

En huet den onmënschlechen Job an engem Cabinet un de Nol gehaangen, a sech mat sengem Haaptclient, dem Mafiaboss Dragan, selbststänneg gemaach. An zwar an engem Büro an engem schmocken Albau, nieft senger neier Wunneng, iwwer senger Duechter Emily hirer neier Spillschoul.

Mafia-Methoden

D'Plaz dofir krut hatt just, well säi Papp déi fréier Associéë gezwongen hat, him hier Parten ze verkafen. Mëttlerweil hat de frëschgebakene Spillschoulgérant net just den Dragan ëmbruecht, als säin Affekot huet hien de verbriecheresche Konsortium, d'Geschäfter an de Beräicher Prostitutioun, Drogen, Waffen, einfach weidergeleet.

Vu datt dem Björn säi Liewe léif war, huet de Clan vun deem Stierffall allerdéngs näischt gewuer dierfe ginn. Dräi weider Morden waren dowéinst net ze evitéiere gewiescht, an en plus souz mëttlerweil de Mafia-Chef vum Konkurrenz-Clan als Geisel am Spillschoulskeller.

Mindfulness als Hëllef

Mat Hëllef vu Mindfulness-Exercicen hat de Björn Diemel all dës emotional belaaschtend Situatioune perfekt opfänke kënnen. Hie war mat sech am rengen. De Present war méi schéin ewéi d'Vergaangenheet.

Mee de Bléck an d'Zukunft war net roseg: de Feeler u sengem Liewe war, datt hie sech kee Feeler erlaben duerft. Hien hat säi Stress am Grëff, ass den Ursaachen awer net lass ginn.

Dat bannescht Kand

Also ass hien hannescht bei säi Psychotherapeut, de Joschka Breitner, an ass do, bei gréngem Téi, Papp vun engem zweeten, nawell zimlech bockegen, Kand ginn: vu sengem bannenzege Kand, dat ënner anerem d'Verletzungen aus der eegener Kandheet versuergt a sech queesch stellt, fir ähnlech weider Humiliatiounen ze verhënneren, och wann et domat géint säin eegenen Erwuessene geet.

Grond fir de Breitner, dem Diemel eng Aart Partnerwoch mat sengem bannenzege Kand ze recommandéieren, fir datt déi zwee léieren, sech openeen anzeloossen a sech doduerch méi no kommen.

Domm just, datt dem Björn Diemel säi bannenzegt Kand duerch dem Diemel seng Elteren esouvill Téitschen hat, datt et keng Geleeënheet ausgelooss huet, fir weider mindful Morden ze fuerderen. Stress kann an absolutter Form schliisslech just bewältegt ginn, wann déi Persoun, déi en ausléist, net méi do ass, oder?

Den Affekot Björn Diemel, dee seng Killer-Karriär awer definitiv gekillt hat, hat doropshin all Hänn voll ze di fir seng Géigner dozou ze bréngen, sech ënnereneen aus dem Wee ze raumen, a fir säi bannenzegt Kand, eleng duerch Resultater, zefridden ze stellen.

Mindfulness a Psychologie

Aggressivitéit gehéiert zum mënschleche Wiesen. Mindfulness a Psychologie suergen hei dofir, datt e Mäerder net nach zousätzlech ënner der eegener Grausamkeet oder ënner Scholdgefiller leit, mee versteet, wat geschitt ass, an duerch véier bis fënnef Otemübunge seng emotional Balance erëm fënnt. Wouduerch en och nach säin Ëmfeld mat zäitgenëssesche Managermethoden, also op Aenhéicht, monter frëndlech manipuléieren a säi Wëllen duerchsetze kann. Souzesoe Schachmatt mat Assouplissant.

De Karsten Dusse huet dat clever, Nuancë räich, mat Tempo a schwaarzem Humor formuléiert. Allerdéngs leeft och alles esou glat ewéi nom Assouplissant, der Geschicht feelt et un Déift, beim Bléck an dem Björn Diemel seng Ofgrënn gëtt engem ni wierklech dronken.

A wie prinzipiell Problemer mat Filmer wéi Kill Bill huet, well en dem Realisateur Quentin Tarantino säi Konzept vun der Mise en valeur vun der Ästhetik vun der Gewalt, net novollzéie kann, deem wäert och Comedy iwwer Gewalt wéi dinn. Oder huet deen eventuell Problemer mat sengem bannenzege Kand, un deenen e schaffe misst?