Radioen

On air

Tockcity  |  Sheebaba - Ambulanz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNL: Fundstücke-Trouvailles #4

Literatur

CNL: Fundstücke-Trouvailles #4

Zanter 2014 publizéiert den nationale Literaturarchiv all zwee Joer e besonnesch déckt Buch. Den Titel ass "Fundstücke-Trouvailles" an tëschent den Deckelen entdeckt een eng Panoplie un Ablécker an d'Dynamik an Diversitéit vun der Lëtzebuerger Literatur a Literaturfuerschung.

auto_stories

4 min

463 Säiten, bal 50 Autorinnen an Auteuren an op d'mannst zwee Kilo schwéier ass och dës Editioun vum Band "Fundstücke-Trouvailles", déi elo am CNL erauskoum.

De Coronavirus a seng Effeten op d'Gesellschaft

Op den éischte Säite sinn Texter vu Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, déi sech literaresch, a Form vu Prosa oder Lyrik, mam aktuellste vun allen aktuelle Sujete befaasst: dem Covid-19 a sengen Effeten op eis Gesellschaft. Vill Texter, déi am Ufank vum Confinement entstane sinn.

Am "Die wiedergefundene Kindheit" setzt sech de Jean-Marie Braconnier mat der Fräiheet vun de Kanner auserneen a mécht bewosst, datt dës Fräiheet net just a Pandemie-Zäite verluer gaangen ass.

"Kampf den Viren auf allen Vieren", wéi den Titel et scho verréit, geet den Nico Helminger mat enger ganz spëttescher Approche un d'Restriktioune vun der Regierung erun a weist awer och all Inkoherenzen a Konsequenze vun de Moossnamen a mënschlechen an onmënschleche Reaktiounen.

"Ein äuβerst gefährliches, ja lebensbedrohliches Virus, welches, so die besorgte Stimme der Nachrichtensprecherin, dabei war, sich mit ungeheurer Schnelligkeit auszubereiten und bereits erste Opfer gefordert hatte. Ja, dieses äuβerst gefährliche, ja lebensbedrohliche Virus hatte eine Besonderheit: Es hielt Abstand zur Erdoberfläche, bildete eine Schicht, die etwa 80 cm über den Boden ihre unterste Grenze hätte (seitens der Wissenschaftler gab es unterschiedliche Messungen, einigesprachen von 87 cm, andere von 82 cm, einige sogar von 92 cm, einig waren sich aber alle, dass das Virus nie näher als 80 cm an die Oberfläche heranreichte). Fazit: Der aufrechte Gang war für den Menschen nicht mehr möglich. Die Gefahr sei einfach zu groβ, so die Botschaft der Politiker und Virologen. Um das Überleben der Bevölkerung zu garantéieren, blieb nur eine Lösung: das Kriechen."

Ënnerschiddlech Bléckwénkelen op de Sport

Well et kaum méiglech ass, dat ganzt Buch virzestellen, kuerz Folgendes: all eenzele Bäitrag ass absolut liesenswäert, well en de Räichtum an d'Diversitéit vun der Lëtzebuerger Literatur weist a beweist.

Esou ass dem Claude Conter seng Analys iwwer de Sport an der Literatur och fir manner sportaffin Lieser eng "Schatztruhe", wou ee liese kann, wéi ënnerschiddlech a villsäiteg sech Lëtzebuerger Auteure mam Theema Sport beschäftegt hunn. Vum Manderscheid, iwwer de Rewenig bis Hausemer an natierlech och am Superjhemp huet de Sport seng Plaz.

Verschidden "objets du mois", wéi kulturell Zäitschrëften, Lëtzebuerger Theaterziedelen aus de Joren 1832 bis 1845, Ausernanersetzunge mat groussen Nimm aus der Vergaangenheet an detailléiert Presentatioune vun eenzele Literaten, mam Fokus op bestëmmten Elementer wéi Plakater, Bréiwer, Inéditen a Bestänn sinn net just informativ, mee an hirer Form spannend an iwwerraschend.

E groussen Abléck an d'Literaturarchiv

E weidert Kapitel, dat weist, wéi wäit d'Lëtzebuerger Literatur sech entwéckelt huet a wéi seriö sech mat hir ausenanergesat gëtt, ass "Literatur im Blickpunk/Regards croisés".

Divers Rieden an Hommagen, wéi déi un de Georges Hausemer, erlaben en Abléck op d'Vuë vu Literaten op hir Kolleegen, op d'Literatur an de Raum, deen hir zur Verfügung steet. D'Plaz, déi d'Literatur nach huet an déi, déi verluer geet. Esou ass dann zum Schluss d'Disparitioun vun der Zäitschrëft Le Jeudi en Theema. De Jean Portante titelt säi Bäitrag dozou: "Le monde est plus immonde que jamais, et je n'ai plus de lieu pour le dire."

D'Buch ass mat sëllegen Illustratioune gefëllt, mol ergänzend, mol explizitt op en Text bezunn, mol schwätze se ganz eleng fir sech. Si bréngen eng weider Dimensioun a sinn net just e Bäitrag fir d'Buch méi labber ze maachen.