"D'Leit si sech eens, datt nëmmen ee vun de Bridder et wäert zu eppes bréngen ..." ass an der Beschreiwung vun der Claudine Muno hirem neie Roman "esou wéi et net war" ze liesen.
D'Bridder, dat sinn de Simon, de Louis an de Panda. Déi dräi liewe mat hirer Mamm, de Papp daucht just periodesch op, a mir si wuel iergendwou an den 90er Joren ...
D'Claudine Muno huet eng Zort Familljegeschicht geschriwwen, eng Coming-of-age-Story, well et sinn déi dräi Bouwen an hir Entwécklung, déi am Zentrum vun dësem Roman stinn.
De Simon wëllt doheem eraus
De Fokus läit awer um eelsten, dem Simon, deen iergendwéi de Papp ersetzt, e gewëssenhaften, responsabelen, intelligenten a pragmatesche jonke Mann.
Dann de Louis, dat mëttelst Kand, voller Bewonnerung fir de grousse Brudder an de klengsten ass de Panda, deen duerch säi Behuelen d'Suergekand vun dëser Famill ass, dem Panda passéiere fuerchtbar Saachen, well hie weder Angscht nach Gefore kennt.
De Simon huet een Zil an ee Wonsch, seng Première ze packen an doheem fort ze kommen, fir séin eegent Liewe kënnen ze féieren a kengem iergendwellech Erklärunge mussen ze ginn.
Vill Sujete ginn ernimmt
Mee ofgesi vum Plot, deen der Claudine Muno wonnerbar gelongen ass, an d'Matière, déi d'Autorin an dës Geschicht afléisse léisst, ass et virun allem den Ëmgank mat aktuelle gesellschaftlechen Theemen, déi dëst Buch zu eppes Besonneschem maachen.
Homosexualitéit, Behënnerung, Aarmut, Verlooss-ginn a Verlooss-sinn, Krankheeten, Suergerecht, Verloschtängschten an den Doud sinn d'Sujeten, déi hir Plaz an dëser Erzielung hunn, déi d'Claudine Muno awer och permanent a Fro stellt. Et geléngt hir all Beräich aus ënnerschiddleche Bléckwénkelen duerzestellen, Fro ze stellen, ëmmer nei Opportunitéiten unzebidden an näischt opzezwéngen.
D'Claudine Muno zeechent mam Simon en immens villfältegen, komplexen an empathesche Personnage, deen agefruere gesellschaftlech Iwwerleeungen a Vuë mat vill Intelligenz a Subtilitéit a Fro stellt, dee sech géint Normen, Urteeler an Tirang-Denken wiert.
A mam Simon, awer och mat den anere charakterstaarke Protagoniste bitt d'Claudine Muno e wichtegen Extrait vun eiser Gesellschaft a léisst d'Lieserinnen a Lieser nodenklech zeréck. Et ass sécherlech dat räifstent literarescht Wierk vun der Schrëftstellerin an eng absolut Recommandatioun.