Radioen

On air

Resonanzen  |  Antonio Vivaldi - Concerto fir Gei a Cello a Sol Majeur, RV 814 "per Chiaretta e Teresa", I. Alle - Marianne Piketty (Gei/Dir.), Le Concert Idéal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Christopher Morse: Mediatioun brauch Emotioun

Konschtvermëttlung

Christopher Morse: Mediatioun brauch Emotioun

Op der Uni Lëtzebuerg gëtt et keng reng Spezialisatioun an der Konschtvermëttlung, mee verschidde Fuerscher beschäftege sech awer an hire Recherchë mam Sujet. Esou zum Beispill den Amerikaner Christopher Morse, deen 2017 fir e PhD op Lëtzebuerg koum, nodeems hien zéng Joer als Student a Chercheur zu Boston gelieft hat. Vun do huet hien e Master a Literatur, Kultur a Relioun plus e Master an Digital Media an Instructional Design matbruecht.

auto_stories

4 min

De Christopher Morse schéngt, wat d'Humanwëssenschaften ugeet, op alle Kräizungen ënnerwee ze sinn. Déi wichtegst ass fir hie selwer déi tëschent Konscht an Technologie. An do hat hie keng Loscht, eleng, wéi en Tumbleweed - also d'Steppeplanz-Bull am amerikanesche stëbsege Western - vun enger Säit op déi aner ze rullen.

Hien huet net laang gezéckt, wéi hie gesinn huet, datt op der Uni Lëtzebuerg eng Plaz fir e PhD an der "Human-Computer Interaction" ausgeschriwwe war. Effektiv wollt de Christopher Morse nach ëmmer emol länger Zäit an Europa verbréngen - dëst och wéinst dem kulturelle Patrimoine vum ale Kontinent.

Seng Spezialisatioun géif sech "Intercultural Informatics" nennen, preziséiert de Christopher Morse. Hie wier aus perséinleche Grënn an déi Richtung gaangen, well hie Kultur, Konscht, Patrimoine a Muséeën nach ëmmer interesséiert hunn - doriwwer eraus och, wéi d'Technologie vun haut an dee Beräich integréiert gëtt:

"A Konschtinstitutiounen hu mir haut iwwerméisseg vill dovun. Leider ass déi heefeg net interaktiv. D'Personal ass net optimal forméiert gi fir se sënnvoll ze manipuléieren - do ginn aus Méiglechkeete séier Limitatiounen."

Léisungen designen, déi en Impakt hunn

Als Chercheur wollt hie sech déi Zäit huelen, déi Kulturschafender an hirem Alldag net hunn, fir interaktiv technesch Spillereien ze designen. Deenen hiren Impakt géing dann doriwwer erausgoen, datt se just faszinéieren, well se nei sinn.

Dobäi geet et dem Christopher Morse net dorëms, déi Schätz aus der Vergaangenheet ze verschierbelen oder de Konsum unzekuerbelen, mee villméi ëm eng besser Mise-en-valeur.

A Japan huet hien eng Ausstellung vum Kënschtlerkollektiv "Team-Lab" gesinn, déi hien nohalteg markéiert huet. D'Memberen hunn op d'Mauere vum Ausstellungsraum japanesch Figure projezéiert, déi dann op de Buedem gefall sinn, erënnert hie sech:

"Do konnt de Visiteur se beréieren, dono bei d'Mauer goen, déi beréieren, an doropshin huet d'Figur geliicht, an eng Zort Animatioun ass declenchéiert ginn. Dat war esou immersiv an interaktiv, datt et mech onwarscheinlech beréiert huet. Déi Experienz huet mir d'Potential vun den neien Technologie virun Ae gefouert. Ech denken haut nach dorunner."

Emotiounen uschwätzen ouni bekéieren ze wëllen

De Christopher Morse wëllt mat senger Recherche net op ee Musée erofkucken. Hie weess, datt den Alldag an dësen Institutiounen immens ustrengend ass a komplex Erausfuerderunge bitt. Och wann een an engem Musée déi schéinst Kollektioun kéint gesinn, géif dat nach laang net heeschen, datt een interesséiert ass, wann ee keng Affinitéite fir Konscht a Kultur huet, seet hien. Wichteg wier d'Interaktioun mat den Objeten:

"D'Zäit vu mengem PhD wollt ech domat verbréngen, ongewéinlech interaktiv Programmer ze designen, déi d'Mënschen nees zeréck an de Musée bréngen. Fir mech sinn dat Virtuellt an d'Physikalitéit net getrennt. Si fiddere sech géigesäiteg. Et kann een d'Aura vun engem Objet net digital rekreéieren, mee dofir huet een aner Méiglechkeeten."

Ufanks huet de Christopher Morse den "Emotional Design" ugeschwat - also d'Fro, wéi beim Visiteur vun enger Ausstellung verschidden Emotioune stimuléiert kënne ginn. D'Gefiller, déi dobäi zustane kommen, wieren dacks e Resultat vun enger Erfarung mat Bedeitung: "Also zum Beispill Freed, Trauer, Stolz, d'Gefill vu 'mir erliewen dat elo am Grupp zesummen'", erkläert den Amerikaner.

Digital Léisungen als neie Moment fir d'Kulturhaiser

Wéi Corona aktuell ginn ass, huet de Christopher Morse op der Uni Lëtzebuerg e Cours an "Digital Museology" ginn. Op eemol waren d'Coursen all online a vun doheem aus, an de jonke Proff a seng Studenten hunn dës Méiglechkeeten nach besser testen, a virun allem sech mat de Muséeën direkt iwwer d'Noutléisung austausche kënnen. Et wier dëst en neie Moment fir d'Kulturhaiser.

Hien huet den Androck, datt grad déi digital Musées-Departementer ënner Corona extrem gelidden hunn. Villes wier an deem Moment online gaangen, observéiert de Christopher Morse. Si hätten hir Ëmfro un Institutiounen an New England, wou hien hierkënnt, geschéckt.

Den éischte séiere Feedback wier positiv gewiescht - d'Leit wollte matmaachen. Den Dag drop hunn eng ganz Partie gemailt, datt si hiren Job wéinst Corona verluer hätten:

"Vu datt keng Visiteure méi komm wieren, hunn d'Muséeë keng Recette méi gemaach a ware gezwongen, Leit ze entloossen. A vu datt eng Konschtinstitutioun schwéier op e Konschthistoriker verzichte kann, huet dann den Digital Curator misse goen."

Aus England hu si fir d'éischt quasi guer kee Feedback kritt, seet de Christopher Morse. Eng Rei Muséesleit hätte verstoppt ugedeit, si kéinten net matmaachen, si géife suivéiert ginn: D'Kontroll wier e grousse Problem fir Muséeën, scheinbar weltwäit.

Mëttlerweil ass den Dr. Christopher Morse an der Privatwirtschaft zu Lëtzebuerg ukomm. Hien huet e jonke Business fonnt, wou hie weider Recherche maache kann - dëst net just fir Muséeën, mee och fir ee méi breede Public. Säin Domaine ass elo: "Communicating complex ideas to non-experts."