Radioen

On air

Tockcity  |  La Luz - Strange World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Cette vague en moi est immense"

Zeechnen nom Attenat

"Cette vague en moi est immense"

De 7. Januar: eng Narb fir vill Fransousen. 2015 gouf d'Redaktioun vun der Satirzeitung Charlie Hebdo vun zwee Terroriste gestiermt. Zéng Journaliste sinn dem Attentat zum Affer gefall. Véier si schwéier verletzt ginn. D'Dessinatrice Corinne Rey, alias Coco, zielt zu den Iwwerliewenden. An "Dessiner encore" moolt déi 38-Joer aal Illustratrice iwwer den Uschlag a wéi hiert Liewen op d'Kopp gestallt gouf.

auto_stories

6 min

D'Coco dréit Schwaarz: Trench Coat, Pullover, Mask. Och sechs Joer nom Uschlag gesäit een hir Trauer. Obwuel si hir Traumabewältegung elo a Biller verëffentlecht: gären doriwwer schwätze mécht si net. "Si j'avais pu faire ça, j'aurais juste posé le livre quelque part en disant: "voilà mon livre", et je me serais barrée en courant pour ne pas devoir en parler."

Den Horror a Biller gesat

Och wann d'Schwätzen net einfach fält: hir ass bewosst, datt si als Zeie vill bäidroe kann. Vu datt si am Geriichtsprozess souwisou aussoe misst, huet si dofir entscheet, hir Zeechnungen ze verëffentlechen.

Am hirem Buch "Dessiner encore" zeechent d'Coco de Redaktiounsalldag virun an nom Uschlag: D'Aarbechtskolleegen, déi weltwäit Solidaritéit um 11. Januar an d'Terroriste begleede si als donkel Gestalten duerch déi 346 Säiten.

Eppes zeechent d'Dessinatrice awer net: D'Attack selwer. Véier schwaarz gekrozelt Duebelsäiten, de Kaméidi vun de Mitrailletten, d'Kouachi-Bridder, déi jäizen: "On a vengé le prophète! On a tué Charlie Hebdo!"

D'Coco seet, si hätt gewosst, wat si net géif molen: "Je savais que je ne dessinerai pas la salle de rédaction, je savais qu'il y avait des choses qui étaient complètement pas partageables, indicibles, et que c'était impossible."

D'Coco fillt sech bis haut net verstanen. Wou d'Terroristen d'Gebai vun der Redaktioun gestiermt hunn, wollt si grad eng fëmme goen. D'Islamisten hu si do menacéiert a gezwongen, de Code vum Büro anzetippen. "Mir erschéissen entweder dech oder déi aner." Haut nach ploe si Scholdgefiller.

"Ce qui a renforcé mon sentiment de culpabilité, c'est que, soit qu'on venait me parler on me disait: "à ta place, j'aurais fait si, j'aurais fait ça." J'avais l'impression que personne pouvait être à ma place. Ça banalise le moment et c'était insupportable. Ou soit c'était difficile de vivre le silence. Quasiment personne de l'équipe est venu me voir pour me parler de ça et dans ce silence j'avais l'impression d'y voir quelque chose de très culpabilisant."

"Des fois, ça va. Des fois, ça me submerge"

D'Gefiller treffe si wéi eng Well. Op der éischter Säit vun hirem Buch schreift si: "Des fois, ça va. Des fois, ça me submerge" a baff, erschléit si eng Tsunami-Well a spullt si duerch déi nächst zwanzeg Säiten. D'Wellen-Motiv vum Buch gëtt zu Paräis op metergrousse Plakate gedréckt. A ville Metro-Statioune stiermt elo der Coco hir Well op d'Passagéier zou.

"Cette vague en moi est immense. Je l'ai dans ma tête mais j'ai l'impression qu'elle est formalisée donc c'est vrai que ça me fait quelque chose quoi. Les retours des gens sur ce dessin dans le métro sont bons. Ils me disent: 'wow, ça apporte de la poésie dans un espace qui n'est pas poétique du tout'."

Een Auszuch aus "Dessiner encore"

Trotz Terror-Uschlag huet Charlie Hebdo ni opgehalen. D'Coco beschreift am Buch Zeenen, wou si den Dag virum Drock vun der berüümter Editioun vum 14. Januar 2015 nach zesummen no der Titelsäit gesicht hunn. De Luz, ee vun de Karikaturisten, schléit déi éischt Skizz vir. Dorobber gesäit een den Editeur Charb, vu véier Kugelen duerchlächert, mat der Schlagzeil: "On a fait ça pour l'argent."

D'Coco seet, si hätt d'Zeechnung, déi net bekannt war, an hirem Buch gewisen, well: "Dans un moment de chaos total quand il a montré ça, moi ça m'a fait rire. Et pourtant rien ne me prêtait à rire."

Der Satirzeitung gëtt oft virgeworf, islamfeindleche Contenu ze verëffentlechen, fir dorauser Profit ze schloen. D'Skizz mécht de Geck iwwer déi Kritik. Charlie Hebdo mécht mat allem de Geck, erkläert d'Coco, an do si Relioune keng Ausnam. Mee och Joere no der Solidaritéit mat "Je suis Charlie", bleift d'Kritik nämmlecht.

"Quand on a republié les caricatures au moment du procès fin 2020 il y a encore des gens qui ont dit: "Ah les caricatures!" Mais arrêtez avec ça! Arrêtez de regarder des caricatures et regardez le vrai problème. Le vrai problème c'est l'islamisme, l'intégrisme et c'est en dernier ressort le terrorisme."

D'Zeechnen bleift

Trotz der Polemik hält d'Coco net op ze zeechnen - an net nëmme fir Charlie Hebdo. D'lescht Woch huet si d'Une vun der Dageszeitung La Libération illustréiert. Hei mécht si de Geck iwwer d'Spléckung vum politesch-lénke Spektrum. Och sechs Joer nom Attentat zitt si d'Aktualitéit duerch de Kakao. Mee d'Klima innerhalb der Redaktioun huet sech verdäischtert:

"Il y a eu des moments difficiles. On a mis du temps à retrouver le rire. Je dirais ce qu'on a perdu c'est une certaine forme d'insouciance, c'est vrai. Moi je le sens personnellement, mais je le sens aussi dans le journal et puis je trouve que l'actualité s'est durci."

Dem Coco hir Charakteristik ass hiert Laachen. Obwuel een hir post-traumatesch Folgen ugesäit, mécht si sech aus allem e Spaass a laacht mat ganzer Keel.

Am Ënn vum Gespréich schléit si d'Band nees op. Si zitt e Bensinnsstëft aus der Täsch a fänkt un doranner ze krozelen. D'Aen vir d'Éischt, dann d'Nues, schwaarz Krauselen. si moolt sech selwer op enger Wiss, d'Äerm hannert dem Kapp gekräizt. Ëm si flatteren e Koup Blieder ronderëm. si kuckt entspaant an den Himmel. En Autoportrait?

Corinne Rey, alias Coco, dréckt sech mat Biller aus. D'Terroriste konnten hir dat net ewech huelen an dowéinst zeechent si och haut nach.