Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Blood & Tears": Den Albrecht Bouts am MNHA

Konscht

"Blood & Tears": Den Albrecht Bouts am MNHA

Am Nationalmusée um Fëschmaart ass d'Ausstellung "Blood & Tears - Albrecht Bouts and the Image of the Passion" opgaangen. Albrecht Bouts? Verschiddene seet den Numm Dirk Bouts eppes. Hie gehéiert effektiv zum Krees vun de berühmte flammännesche primitive Moler. Den Albrecht ass ee vun den Zwee Filssen, ëm 1451 gebuer an 1549 mat 98 Joer gestuerwen. D'Expo am MNHA soll den Albrecht Bouts elo aus dem Schiet vu sengem Papp eraushuelen.

auto_stories

3 min

D'Abrecht Bouts Expo am MNHA. Foto: MNHA / Tom Lucas

Dem Albrecht Bouts seng Carrière ass 1475 zu Leuwen ugaangen. Wéi säi Papp Dirk Bouts gestuerwen ass, huet de Fils nämlech de Moleratelier iwwerholl. Fir Kierchen huet hien Dip- an Triptyche mat reliéise Motiver gemold. A fir Privatleit huet hie modern Devotionalië mat Jesus- a Mariaportraiten, grad esou wéi de Kapp vum Johannes den Deefer op engem ronne Plateau, fir déi spirituell Meditatioun doheem gemoolt.

U sech war den Albrecht Bouts an de Vergiess geroden: Deemools goufen Tableauen nach net signéiert. Mee déi belsch Konschthistorikerin Valentine Henderiks huet an iwwer zéng Joer Puzzleaarbecht all Méigleches iwwert dëse Primitif flamand zesummegedroen.

E bësse Chance

Zweemol huet d’Schicksal hirer Ausdauer an all der Zäit neien Driff ginn: Zum engen hat ugangs vum 20. Joerhonnert eng alleréischte Kéier e Konschthistoriker am Bréisseler Musée des Beaux-Arts op engem Krautwëschdag-Triptyque um rietse Fligel d’Wope vun der Bouts-Famill entdeckt. Ënnendrënner war kloer en "A" z'erkennen ... plus e Mann, also en Autoportrait vum Albrecht Bouts. D’Valentine Henderiks wousst doduerch, wéi de Moler ausgesinn huet.

An dat huet bei enger Rees op Sibiu a Rumänien fir eng weider zoufälleg, mee bestëmmend Erkenntnis gesuergt. Si war do an de Musée fir sech een anert Wierk unzekucken. "Du ginn ech an de Musée eran a gesinn de Portrait vun deem Mann dee mech ukuckt ... et war ee Portrait vum Albrecht Bauts." De Mann um Tableau hätt genau esou ausgesinn, wéi deen um Autoportrait vu Bréissel. D'Wierk wier nëmmen e bësse méi al, esou d'Konschthistorikerin. "Mee nodeem een zéng Joer op eppes schafft ... erkennt een en erëm."

Wat maache mam Patrimoine?

Mëttlerweil ass d’Valentine Henderiks international als Bouts-Expertin bekannt. Esou ass si och vum Lëtzebuerger Nationalmusée fir hiren Avis consultéiert ginn. 2009 wier de Musée vun de Schwëstere vun der Sainte-Sophie kontaktéiert ginn, erzielt den Direkter vum MNHA, de Michel Polfer. Deen Ament hätt sech och d'Fro gestallt, wat maache mam artistesche Patrimoine vum Uerden? "D'Schwësteren haten déi gutt Iddi fir dat an den Depot vum Nationalmusée ze ginn."

Déi zwee Albrecht Bauts-Biller wieren eng Iwwerraschung gewiescht, seet de Michel Polfer. "Mir woussten net, datt si si hätten. An d'Schwëstere woussten och net genau, wat si do hätten."Deen Ament hätt d'Valentine Hendriks grad hir Dokteraarbecht iwwer den Albrecht Bouts finaliséiert. An deem Kader konnten déi zwee Tableauen an hir wëssenschaftlech Publikatioun integréiert ginn, erzielt den MNHA-Direkter. "Dat war den Ausléiser fir d'Ausstellung"

Eng Première

No fënnef Joer Examinatioune mat der neister Technik an der Restauratioun an der Belsch, gëtt den Sainte-Sophie-Tableau nieft prestigiéise Prête vu Privatleit a vu grousse Muséeë vu London, Madrid, Paräis, Oochen bis Kansas bis Februar 2017 um Fëschmaart gewisen. Natierlech och de wahrscheinlech éischten autonomen Autoportrait vu Sibiu.

Et ass eng Première, datt een d’Albrecht-Bouts-Wierk an enger Expositioun bewonnere kann. An zwar a Konfrontatioun mat Aarbechte vun anere bedeitende Kënschtler aus dem 15. Joerhonnert, bis hin zu engem Video vum Bill Viola vun 2002 - eng Ausernanersetzung mat Devotiounsduerstellungen, déi also eng Bréck, e Bezuch, zu der haiteger Zäit baut.


D'Ausstellung "Blut & Tränen - Albrecht Bouts und das Antlitz der Passion" ass bis den 11. Februar 2017 am Stater Musée National d'Histoire et d'Art ze gesinn.