Déi rumänesch-lëtzebuergesch Coproduktioun "Collective" ass mam Europäesche Filmpräis als beschten Dokumentarfilm vum Joer ausgezeechent ginn. De Film vum rumänesche Regisseur Alexander Nanau gouf vu Samsa coproduzéiert. E verzielt, wéi Journalisten Dysfonctionnementer am rumänesche Gesondheetssystem opdecken, nodeems 2015 bei engem Feier an enger Disko 64 Mënschen ëm d'Liewe komm waren.
Um Luxembourg City Film Festival war "Collective" am Mäerz mam Publikumspräis ausgezeechent ginn. De Film ass vu Rumänien als Bäitrag fir d'Oscaren 2021 an der Kategorie Beschten Internationale Film agereecht ginn.
"Druk" vum Thomas Vinterberg raumt of
Dem dänesche Regisseur Thomas Vinterberg säin Drama mam Originaltitel "Druk" huet an de Kategorië beschte Film, bescht Regie a bescht Dréibuch gewonnen. De Mads Mikkelsen, deen d'Haaptroll an "Druk" spillt, krut de Präis als beschte Schauspiller.
Déi däitsch Actrice Paula Beer gouf fir hir Roll am Film "Undine" als bescht Actrice ausgezeechent.
Déi europäesch Filmakademie huet hir Auszeechnungen dëst Joer online iwwerreecht.