Gangsta Rap De Bazooka Brooze huet grouss Visiounen

Fett Beats, Wuertspillereien, Minetter Slang. Wat de Bazooka Brooze mat senger Musek mécht, dierft kee kal loossen. Vun de skandaliséierten Elteren, déi sech ëm d'Wuel vun der Jugend suergen wa si seng Ausdrocksweis héieren, bis zu senge jonken an esouguer manner jonke Fans, bei deenen hien eng Mëschung vu gespaanter Erwaardung a Bewonnerung ervirrifft. Wéi erkläert hie sech dëse Succès?

Frédéric Braun / tt

Untitled-1.jpg
De Bazooka Brooze huet am Dezember säin éischten Album erausbruecht

Lauschtert de ganzen Interview mam Bazooka Brooze:

Ee Gespréich mam Bazooka Brooze


"Iwert dem Gesetz" heescht dem Bazooka Brooze säin éischten Album, deen elo am Dezember erauskoum. A ville vu senge Lidder geet et ëm Drogenhandel an Droge-Konsuméieren, ëm Sex an ugedrote Gewalt. Dat Ganzt op Lëtzebuergesch an agepaakt an eng Ästheetik, déi typesch ass fir de Gangsta Rap.

"Heiansdo ass een zur richteger Zäit op der richteger Plaz. Et ware jo scho Leit viru mir, de Bandana ... déi d'Saach super-gutt gemaach hunn, mee déi e bësse Pech hate wéi d'Saache gedréit goufen. Déi krute jo de mediale Support quasi. Mee firwat hunn déi grouss Medien hie supportéiert? Ma well se schlecht geschwat hunn. (...) Ech mengen, datt ech deen éischte Lëtzebuerger Rapper sinn, deen dat esou mécht, wéi ech et maachen. Et ass wierklech realitéitsbezunn. Et kënne sech vill Leit domadder identifizéieren."

Alldag am Süden

Wéi vill dovunner ass da real an erlieft a mat der Privatpersoun hanner dem Kënschtler Bazooka Brooze verbonnen? Wéi vill dovunner ass Konscht a stiliséiert?

"Ech soen de Leit oft: mäi richtegen Numm ass jo Bruce. Mäi Kënschtlernumm ass Brooze. Phoneetesch héiert sech dat d'selwecht un. Et ass e gewësse kënschtleresche Spillraum ëmmer bei menge Lidder do. (...) Also ech géif scho soen, datt 90 Prozent genee esou ass, wéi ech et soen. Et ass nach ëmmer eng Konschtform an Iwwerspëtzunge si gäre gewollt."

A senge Lidder erzielt hie vu sengem Alldag am Süde vum Land, an engem vu gewësse Medie spektakulär zu enger Aart Lëtzebuerger Bronx verkläertem Esch, dat de Bazooka Brooze a Lidder wéi "Komm erof" zugläich iwwerspëtzt duerstellt. Beim Bazooka Brooze ass Esch de Fief vum Lëtzebuerger Drogenhandel, eng Alternativ zur Stad, engem Lëtzebuerg, wou alles säi geuerdente Wee goe soll.

"Ech hunn d'Gefill, datt ech zu Lëtzebuerg scho ganz vill bewierkt hunn. Scho nëmme wéinst menger Mentalitéit. Dovunner ofgesinn, datt d'Leit gesinn hunn, datt ee ka kommen, egal wien - elo ass et eben e jonke Mann oder fréier war ech nach en Teenie - an ech hu meng Saach gemaach a soss war ëmmer dee Gesellschaftsdrock zu Lëtzebuerg, dee wierklech haart ass."

Haart awer charmant

Genee géint dee sozialen Drock dréit sech awer de Rapper a sengen Texter, déi weder ëmmer ganz ausgeräift nach fräi vu jugendlechem Maximalismus oder diskutabelen Inhalter sinn. A genee dat mécht hiren onverkennbare Charme aus.

Hei sicht sech een, dee sech net méi verléiere wëllt an zimmlech genee weess, wat e wëllt a virun allem weess, wat en net wëllt.

Doranner läit dann och dat Befreient vu senger Konscht a senger Sprooch, déi wéi eng Zort neit Jéinesch genee déi selwecht Reflexer ervirrifft, wéi scho virun 100 Joer déi Pafendaller.

De Bazooka Brooze reit sech domadder an eng Traditioun vun Erausfuerderung vum Etabléierten, déi vum Rand - wann och net vun der Gesellschaft - op d'mannst vun der Stad kënnt. Eng Entdeckung.

"Ech stinn op jiddwerfalls fir d'Lëtzebuerger Kultur, fir d'Lëtzebuerger Strooss, fir d'Lëtzebuerger Musek weiderzebréngen, fir eng Jugendkultur ze entwéckelen. Ech hu ganz grouss Visioune vun enger lëtzebuergescher Museksindustrie, vu meng Jungs no vir ze bréngen, mech selwer no vir bréngen a Lëtzebuerg bekannt maachen op jiddwerfalls an den Nopeschlänner"

An der Mediathéik:

Kultur / / Frédéric Braun
Lauschteren

Méi zum Thema

"Time 0"
Expo

De Paul Kirps konfrontéiert sech mat enger Technik, mat där net alles virauszeplangen ass: dem Polaroid. D'Ausstellung "Time 0" am Neimënster setzt sech mam Stadliewen an der Technik auserneen.

Great Mountain Fire
Live Musek am Podcast

Och ouni Applaus stëmmt d'Energie. Déi véier jonk Museker sinn dankbar, fir endlech nees kënnen ze spillen. Hir Freed héiert een an all Nout. Lauschtert d'Session vu Great Mountain Fire.

Protester a Frankräich am November
Kommunikatioun

Biller sinn net onschëlleg a kënne Gewalt ausléisen. Och Karikaturisten hunn eng Verantwortung, seet d'Marie-Josée Mondzain. D'Philosophin warnt awer virun enger Confiscatioun vun de Biller duerch de Pouvoir.

Luka Kuplowsky Starudst PP 2 Credit Melissa Richards
Luka Kuplowsky - Stardust

​Trotz der Pandemie, schéngt 2020 en éischter produktiivt Joer fir de kanadesche Singer-Songwriter Luka Kuplowsky gewiescht ze sinn. Am Abrëll huet en en EP verëffentlecht an net laang spéider, en neit Wierk.

Programm

Net verpassen

  • Am Gespréich: Chaild

    Chaild

    De Kënschtler iwwer säi Coming-out, seng Musekspläng a seng perséinlech Approche zur artistescher Kreatioun.

Dossieren

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen