Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ben Howard - Only Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus Léift zur Konscht: Pinault-Musée-Aweiung den 22. Mee

Kultur

Aus Léift zur Konscht: Pinault-Musée-Aweiung den 22. Mee

De leschte Weekend war den internationale Muséesdag. An e stoung ënnert dem Motto "L'avenir des Musées: se rétablir et se réinventer". Nodeems d'Kulturhaiser e Joer laang éischter zougaange sinn, hier Equippen iwwer nei Konzepter fir Corona-Zäiten nogeduecht hunn, hu se hier Diere grouss opgemaach. Ee Mann schéngt dovunner iwwerzeegt ze sinn, datt d'Muséeën egal wéi fir d'Zukunft stinn: de franséische Milliardär François Pinault. Hie wäert, wann alles riicht leeft, den 22. Mee, säin neie Musée "Bourse de Commerce - Pinault Collection" aweien.

auto_stories

3 min

Schonn 2005 wollt de François Pinault zu Paräis e Konschttempel fir seng Sammmlung mat Wierker vun Damien Hirst a Jeff Koons an d'Luucht zéie loossen. Senge Virstellungen no eng Zort Raumschëff op enger vun de Seine-Inselen. Mee esouguer bei engem Pinault muelen d'Mille vun der Bürokratie lues, dem 84 Joer ale Milliardär sengem Goût no ze lues, esou datt hien 2006 an 2009 zu Venedeg zwou Konschtfondatiounen ageweit huet: eemol am Palazzo Grassi, eemol d'Punta Della Dogana. Béid impressionant, béid mat Sécherheet e Gewënn, en Zousazmagnéit, fir d'Lagunestad. A béid huet den Tadao Ando ëmbauen dierfen. De François Pinault war vum japanesche Stararchitekt sengem Geschéck, der eleganter Manéier al an nei ze verbannen nawell beandrockt. Wéi Paräis bis prett war, dem Pinault déi al Bourse de Commerce fir déi nächst 50 Joer als Musée ze iwwerloossen, huet hien den 79 Joer alen Ando op en Neits engagéiert a sech Ëmbau a Renovéierung vum Gebai 160 Milliounen Euro kaschte gelooss.

E risege Kulturtempel

Vu wäitem erënnert d'Architektur un eis Rotonden op der Gare. Vun noem leien e fréieren Zuchatelier an en Handeltempel stilistesch natierlech wäit ausenaner. D'Bourse de Commerce läit zu Paräis och net nieft enger Gare, mee tëscht Louvre a Centre Pompidou; besser geet et warscheinlech net. Vun den ronn 13.000 Quadratmeter Gesamtfläch wäerte knapps 8.000 an Zukunft ëffentlech accessibel sinn, 3.000 si fir Ausstellungen, am Souterrain ass en Auditoire mat iwwer 250 Plazen an eng Black Box, e groussen däischtere Raum fir Installatiounen. Déi prächteg gliese Kuppel a 40 Meter Héicht, iwweregens déi eelst Metallstruktur a Frankräich vun 1812, ass do dogéint eng Aart Liichtbuer fir Schiedspiller. Den Tadao Ando huet ënnendrënner en néng Meter héijen Betonszylinder opgeriicht, dee vu bannen e wéineg un de System vun de russesche Matrjoschkaen erënnert. Aktuell waarden do, ënnert der Sonn, dem Schwäizer Kënschtler Urs Fischer seng Wuessskulpturen op hier Metamorphose.

200 Wieker sollen an der Pinault Collection ausgestallt ginn

Zéng Ausstellungsgalerië ginn et am Ganzen: de François Pinault brauch Plaz. De franséische Milliardär, deen en Imperium fir Moud a Luxusartikelen, mat Marke wéi Yves Saint Laurent oder Gucci, opgebaut hat, huet seng Passioun fir Konscht an de fréien 1970er entdeckt. Mëttlerweil zielt seng Collectioun 10.000 Wierker, 200 solle fir d'Aweiung vum neie Musée mam bossegen Numm "Bourse de Commerce - Pinault Collection" gewise ginn. En etlech fir déi alleréischte Kéier: sou zum Beispill 40 Aarbechte vum afro-amerikanesche Kënschtler David Hammons. Esouvill hätt Europa der nach ni op ee Koup gesinn.

"Konscht bréngt Mënschen zesummen, well hire Message mat Mënschlechkeet ze dinn huet. Konscht ass meng Relioun ginn. Mee du kanns Konscht net besëtzen, si besëtzt dech. Et ass e wéineg wéi sech verléiwen", soll de François Pinault emol gesot hunn. Vum 22. Mee un wëllt e seng Léift mat der Ëffentlechkeet deelen.