Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Antisemitismus-Virwërf op der documenta fifteen

Zäitgenëssesch Konscht

Antisemitismus-Virwërf op der documenta fifteen

D'Ausstellung zu Kassel steet zanter Wochen an de Schlagzeilen: D'Wierk "People's Justice" vum Kollektiv Taring Padi krut eng Rei Antisemitismus-Virwërf. Dës stellen d'Ausstellung, déi sech virun hirer Ouverture als politesch a progressiv positionéiert huet, an e schlecht Liicht. Elo huet och een externen Antisemitismus-Expert seng Funktioun als Beroder gekënnegt.

auto_stories

3 min

D'documenta fifteen gëtt um Friedrichsplatz zu Kassel organiséiert. Foto: Nicolas Wefers.

Déi 15. Editioun vun der documenta zu Kassel sollt ganz am Zeeche vun der Politik stoen. D'Versprieche vun engem diversen a progressive Museum der 100 Tage krut allerdéngs wéinst Antisemitismusvirwërf ganz séier e batteren Nogoût.

Antisemittesch Ikonographie am Banner "People's Justice"

D'Antisemitismus-Virwërf gi virun allem vum Wierk People's Justice vum indonesesche Kollektiv Taring Padi aus. Den aacht op zwielef Meter grousse Banner thematiséiert d'Liewensbedingungen ënner der Militärdiktatur vum indonesesche Generol Suharto.

A senger Verurteelung vu Militarismus a staatlecher Gewalt gräift Taring Padi allerdéngs ob antisemittesch Ikonographie zeréck. D'Duerstellung vun engem israeleschen Zaldot mat Schwéngsnues a vun enger orthodoxe-jüddescher Persoun mat Vampirzänn an SS-Rune huet fir schaarf Kritik vun der jüddescher Communautéit an ee schnellt Ofhänke vum Wierk gesuergt.

Politeschen Debat mat vill hin an hier

D'Kontrovers ronderëm d'documenta fifteen war den Ursprong fir eng Rei politesch Debaten. Déi hessesch Landesregierung biet ëm eng déifgrënneg Investigatioun vun der Ausstellung an een Iwwerdenke vun den organisationelle Strukturen. D'Bundesregierung schléisst sech där Saach un.

D'Kulturstaatsministesch Claudia Roth plädéiert fir international Opklärung vun Antisemitismus. Ausserdeem wëll Si sech fir méi Afloss vum Bundestag bei der documenta asetzen - een Ultimatum wat der Ausstellung d'finanziell Ënnerstëtzung vum Bund kaschte kéint. Hire fënnef-Punkte-Plang soll de "Schutz der Menschenwürde" an den Zentrum setzen an d'Kollaboratioun mat internationalen Experten erméiglechen.

De Christian Geselle, Buergermeeschter vu Kassel, verurteelt dës Propose als Zensur a verséchert, dass eng documenta och ouni dëse finanzielle Support méiglech wier.

Externen Antisemitismus-Expert hält als Beroder op

Eng weider kritesch Stëmm an dësem Debat kënnt och vun engem externe Beroder, deen als Antisemitismus-Expert agestallt gouf, fir der Ausstellung am Skandal ze hëllefen. De Meron Mendel, Direkter vun der Bildungsstätte Anne Frank, ass een Expert deen d'documenta an dëser Funktioun sollt beroden.

Hien huet elo säi Réckzuch an dëser externer Berodungsfunktioun ugekënnegt. Als Grond heivir huet de Meron Mendel däitsche Medie gesot, datt et bei der Direktioun vun der documenta fifteen u Wëlle gefeelt hätt, fir den Antisemitismus-Skandal anstänneg unzegoen an opzeschaffen.

Organisateure gi sech oppe fir Dialog

An dësem politeschen Hin an Hier weisen d'Organisateure sech awer oppe fir den Dialog. Op enger Podiumsdiskussioun hu Memberen aus der Kulturzeen an der jüddescher Communautéit den Eclat thematiséiert. Dobäi gouf ënnerstrach, wéi vill Wäert op oppe Kommunikatioun an e konsequent Opschaffe vun antisemittesche Muechtstrukture geluecht muss ginn.

Och Taring Padi bedaueren d'antisemittesch Natur vun hirem Wierk. Et gëtt behaapt, dëst wier virun 20 Joer mat engem Mangel vu Bewosstsinn iwwer Antisemitismus geschaaft ginn. Ab elo wéilt de Kollektiv méi op Dialog a Reflexioun setzen.

An de Medie steet d'Konscht déi op der documenta ausgestallt ass am Schied vun dësem Antisemitismus-Eclat. Ënner wéi enger Form d'Konschtausstellung an Zukunft stattfanne wäert, wäert sech an de kommende Woche weisen.