Hie war den éischten, dee vum Klimawandel geschwat huet an ee vun de Wéinegen, dee sech géint de Kolonialismus a Sklaverei agesat huet. Dacks huet hie sech eleng a verluer gefillt. Rieds ass vum groussen Naturfuerscher Alexander von Humboldt, deem d'Kulturhistorikerin Andrea Wulf mat hirem Wierk "Alexander von Humboldt und die Erfindung der Natur" en Hommage geschriwwen huet.
D'Valerija Berdi mat enger Rezensioun iwwer eng Biographie, déi méi spannend ass wéi all Krimi et kéint sinn.