Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "An enger Gesellschaft wéi Mexiko huet Angscht keng Plaz"

Luxfilmfest

"An enger Gesellschaft wéi Mexiko huet Angscht keng Plaz"

Am "Devil's Freedom" interviewt de Realisateur d'Täter an d'Affer vum brutale korrupte System a Mexico. E System deen duerch all Schicht an der mexikanescher Gesellschaft geet. Maskéiert, erziele Krimineller an Affer iwwert hir tragesch Erliefnisser. Den Everardo González weist op eng clever Aart a Weis de Point de Vue vun de Leit, déi am Alldag mat dëser Gewalt musse liewen.

auto_stories

5 min

Everardo González

MP: Interessant ass, datt am "Devil's Freedom" souwuel Täter wéi d'Affer déi selwecht Mask un hunn, fir hiert Gesiicht ze verstoppen. Domadder gëtt jiddereen op dee selwechten Niveau gesat.

EG: Et ass schwéier ze soen, wie schëlleg ass a wien net. Wann een an engem gewalttätege Milieu opwiisst, dann huet een net ëmmer de Choix en anere Wee ze goen. Wann déi Jongen an enger besserer Famill opgewuess wieren, da wiere si vläicht keng Mäerder ginn. Vläicht wiere si Affekot, Ingenieur oder Realisateur ginn ... Ech weess, dat ass kontrovers. Mä et ass net schwaarz a wäiss. Déi Kanner wësse mol net genee, wat richteg a wat falsch ass.

Fir d'Interviewen ze maachen, hu Dir de Protagonisten eng Mask ugedoen an e Spigel vis à vis gestallt. Si kucke sech also selwer während dem Erzielen. Et ass wéi een eegent Geständnis.

Ech wollt eng éierlech Connectioun. Ech wollt, datt jidderee sech selwer an d'Ae kuckt, wann e schwätzt. Sou huele si Deel un engem internen Tripp. Vläicht kommen doduerch d'Aussoen e bësse méi no un d'Wourecht.

An Ärem Documentaire weist Dir ee Pont de Vue. Et geet net ëm eng allgemeng Wourecht.

Et geet net dorëms eng objektiv Wourecht an engem Film ze weisen. Fréier gouf et eng Traditioun déi eis sot, datt een als Realisateur vun engem Documentaire misst d'Wourecht weisen. Mä dat ass onméiglech, et ass arrogant ze mengen, datt een dat kéint. Fir mech ass et méi couragéiert, wann ee Choixen hëlt a riskéiert, ee kontroverse Film ze maachen. Et soll e Point de Vue sinn iwwert deen diskutéiert gëtt.

Wéi hu Dir déi Leit fonnt, déi Dir interviewt?

Ech hu mat verschiddene Sourcë geschafft. Eng Source waren Affekoten, déi politeschen Asyl an anere Länner sichen. Ech war am Kontakt mat de Journalisten, déi d'Gewalt a Mexiko couvréieren an ech hat Kontakt mat enger Associatioun vun Ex-Kriminellen. Ech sot hinnen, si sollen iwwert hir Äntwert nodenken, si solle sech Zäit huelen. Mä et goufe vill Leit, déi och nee soten.

Hu Dir och Psychopate getraff? Leit ouni Gefiller?

Jo, mä dat war net d'Iddi vum Film. D'Iddi war ze weisen, datt mir alleguerten zur selwechter Zort gehéieren. E Psychopat gehéiert net dozou, dee lieft op engem anere Planéit.

Dir hutt an engem Haus an den USA gedréint an d'Protagonisten afléie gelooss.

Mir wollten net datt een erausfënnt, wat mir maachen. Dat do war dee sécherste Wee, fir jiddereen ze schützen.

War et fir Iech selwer geféierlech dëse Film ze maachen?

Ech mengen de Risiko ass dee selwechten, wéi bei all journalistescher Aarbecht a wann een an deene kriminelle Kreesser enquêtéiert. Dat ass traureg. Well ech fäerten net d'Karteller, mä éischter d'Police an de Gouvernement. Dat liewe mir hei a Mexiko. Mir hunn Angscht viru béide Säiten. Mä ech hu keng Angscht. Et kann een net mat Angscht an enger Gesellschaft wéi Mexiko liewen. Dofir ass et wichteg fir mech, de Film an anere Länner ze weisen. Dat beschützt eis an de Film. Mir sinn elo net méi eleng.

Et ass schwéier ze gleewen, datt et deen Däiwelskrees vun der Gewalt eemol net méi gëtt, wann ee gesäit, datt souwuel d'Poliziste wéi och d'Politiker groussen Deel vum korrupte System sinn.

Genee, et si grad déi Leit, déi mam gudde Beispill solle virgoen, déi selwer kriminell sinn. Dat ass dee gréisste Problem. Eise System ass faul. D'Politiker si korrupt. An da gesinn aner Leit, datt een doduerch vill Sue ka maachen an da maache si dat och. Wisou sollen déi Kanner Affekote ginn, wann se méi Sue maachen andeems datt se een erschéissen. D'Gewalt ass eisen Alldag. Mir hunn alleguerten op d'mannst ee Familljemember, deen Affer vu Gewalt war. Ech wollt ee psychologesche Film maachen, deen weise soll, wéi d'Leit mat dëser stänneger Gewalt ëmginn.

Hu Dir d'Gefill, wéi wa Mexiko sech zum positive verännert an Zukunft?

Den Haaptproblem ass d'Relatioun tëschent de staatlechen Autoritéiten an der organiséierter Kriminalitéit. An de leschte Jore war et e bësse méi roueg, well mir eng Partei (PRI) un der Spëtzt hunn, där de ganze Business gehéiert. Dëst Joer sinn nees Wahlen. Elo musse mir ofwaarden, wat sech ännert. Den Haaptproblem kënnt aus den USA an de Manktem un Diskussioun iwwert d'Legalisatioun vun den Drogen.

Zum Schluss ass et just eng eenzeg Persoun déi sech traut, hiert richtegt d'Gesiicht ze weisen. Et ass déi Fra, där hir zwee Kanner brutal ëmbruecht goufen. An et ass si, déi de Mäerder verzeit. Si ass déi eenzeg, déi aus dem Däiwelskrees erauskënnt.

Si representéiert vill Saachen. Si ass d'Mamm vun de Jongen, déi verschwannen, mä si ass och déi eenzeg Persoun, déi Matgefill vis a vis vun der Mäerder, déi hir eege Jongen ëmbruecht hunn, weist. Si ass déi eenzeg déi mierkt, datt deen eenzege Wee fir aus dem Krees vun der Gewalt erauszekommen ass, ze verzeien. Si ass déi eenzeg, déi och d'Angscht verluer huet. Dofir ass si déi eenzeg, déi hiert Gesiicht weist.

Dir hutt "Devil's Freedom" a ville verschiddene Länner gewisen. Waren d'Reaktioune verschidden?

Jo an der Schwäiz zum Beispill haten d'Leit vill méi eng grouss Distanz zu der Problematik. Vläicht wéinst de Banken, déi d'Sue vun de Karteller lageren. Oder d'Sue vun de korrupte Politiker an de latäinamerikanesche Länner. Si vergiessen heiansdo, datt mir alleguerten Deel vum selwechte Problem sinn. Mä a verschiddene Länner, wéi Ost Europa, Kolumbien oder d'USA, hunn d'Leit sech vill méi no zum Sujet gespuert.