Radioen

On air

De Weekend  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Theater geet d'Welt ënner

Kritik

Am Theater geet d'Welt ënner

"Nacht und Träume" ass e Schubert-Lidd, dat net just dëser Saison am TNL den Numm ginn huet, mee et ass och den Numm vum Stéck mat deem déi nei Saison lancéiert gëtt. D'Valerija Berdi war "Nacht und Träume" an den Théâtre National du Luxembourg kucken.

auto_stories

4 min

En ale Mann setzt bei engem Dësch, de Kapp no vir gebéckt, en däischtere Raum, aus dem Off héiert een "Holde Träume, kehret wieder". Et ass aus dem Gedicht "Nacht und Träume" vum Heinrich Joseph von Collin.

De ronn zéng Minutte laange Film, dat lescht Fernseespill, dat de Samuel Beckett fir den Süddeutsche Rundfunk gemaach huet, gëtt och vun de Schauspiller op der Bün op Ecrane gekuckt.

Ronn zéng Minutte kuckt een och als Zuschauer am Theater de Schauspiller no, wéi si den Ecran kucken an et kuckt een och mat.

En Text, dee gutt an eis Zäit passt

D'Schauspiller sinn den Nickel Bösenberg, den Ulrich Kuhlmann, de Jean-Paul Maes, d'Anne Moll an d'Tatiana Nekrasov, an an dësem éischten Bild sinn si d'Sonn, de Mound, d'Venus, de Komet Konrad an de Mars.

Domat si mir am Ufank vum Jura Soyfer sengem Stéck "Weltuntergang". D'Stéck vum ukrainesch-russesch-éisträichesche Schrëftsteller, dat 1936 geschriwwen an zu Wien uropgefouert gouf.

Net am Burgtheater an och net am Staatstheater, mee an de Joren 1934 bis 1938 gouf et déi Wiener Kleinkunstbühne ABC - eng deemools als subversiv bezeechent, antifaschistesch Vereenegung vu Literaten an Theaterleit, wou de Soyfer aktiv war,

An den 1930e Jore war de Soyfer, virun allem mat senger Literatur géint den Austro-Faschismus am Widderstand, an ass dowéinst och e puer Mol verhaft ginn. Am Mäerz 1938 ass hien eng weider Kéier festgeholl ginn an ass de 16. Februar 1939 am KZ Buchenwald un Typhus gestuerwen.

"Oje! Was ist denn mit der Erde?

Sonne: Sie fällt aus dem Takt. Sie trägt unruhiges Gehaben zur Schau. Sie vollendet die vorgeschriebenen Kreise nicht im vorgeschriebenen Donnergang. Sie sticht von der Vollkommenheit der Schöpfung ab. Kurz, sie stört die Sphärenharmonie!"

Et ass net gutt op der Äerd

Et ass mat der Äerd näischt an der Rei. En Text, dee jo ganz gutt an eis Zäit passt, vläicht an all Zäit, zanter datt et Mënsche gëtt. Op alle Fall ass d'Fro, ob een net d'Äerd vun den "Ungeziefer Mensch" misst befreien.

An do soll de Komet Konrad dofir suergen, andeems hien an d'Äerd knuppt.

Op der Äerd ass et wierklech net gutt, eng mënscheveruechtend Wirtschaftspolitik an déi domat verbonnen Aarbechtslosegkeet an Aarmut. Faschismus an déi domat verbonne Krichsdreiwerei.

Op der Äerd ass gewosst, datt de Komet ënnerwee ass, an datt dëst de Weltënnergang bedeit. Do ass awer de Professer Guck, gespillt vum Jean-Paul Maes, deen de Weltënnergang verhënnere kéint, mee kee lauschtert op hien. Weder den Hitler nach iergendwellech Beamten, mol net d'Vollek.

Op kee Fall verpassen!

Zéng Biller, zéng Zeenen, an deenen d'Schauspiller:inne ganz iwwerzeegend an hir nei Rolle klammen. Ervirzehiewen ass dat exzellent Spill vun der Anne Moll.

Et muss een och fir d'Bünebild applaudéieren. Kal verstréimt et eng Onendlechkeet, déi permanent Ëmännerunge verlafe ganz fléissend, et ass direkt an dësem Albdram gefaangen, deen dann awer e ganz zäertleche Schluss huet.

E Minuspunkt gëtt et awer, well d'Schauspiller:innen dauernd hiren Text am Grapp haten. Et ass ni een hänke bliwwen, et hat een och ni den Androck, datt een den Text net wosst, et huet einfach irritéiert, an och de Schauspiller:innen an hire Beweegunge gebremst, mee vläicht war dat en Deel vun de Inzenéierung, deen ech net verstanen hunn.

Mee dovun ofgesinn, "Nacht und Träume" soll een am TNL op kee Fall verpassen.


Regie: Frank Hoffmann

Dramaturgie: Florian Hirsch

Raum: Christoph Rasche

Regieassistenz: Patrick Gafron

Mat: Nickel Bösenberg, Ulrich Kuhlmann, Jean-Paul Maes, Anne Moll, Tatiana Nekrasov