Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Taylor Eigsti - Bucket of F's (feat. Ben Wendel)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am Gespréich mam Jemp Schuster

Auteur

Am Gespréich mam Jemp Schuster

Seng zwou Zillen - ''Bluttsëffer'' an ''Ouereschlëffer'' - wieren e Stéck Lëtzebuerg, seet de Michel Delage a senger Kritik iwwer dem Jemp Schuster säin zweedeelege Roman. De Jemp Schuster ass u sech éischter fir säi Cabaret bekannt, eng ganz Rei vu sengen Texter sinn och publizéiert ginn, dann och Theatertexter, an elo mam Bluttsëffer an Ouereschlëffer säin éischte Roman.

auto_stories

1 min

Am Gespréich mam Valerija Berdi schwätzt de Jemp Schuster iwwer seng Motivatioun dëse Roman ze schreiwen, iwwer seng Zweiwele wärend dem Schreifprozess, iwwer den Opbau vum Roman a wisou et him wichteg war, d'Liewe vun der aarme Baueren am Éislek ze schreiwen an d'Situatioun vun de Fraen am Laf vum leschte Joerhonnert. Och d'Sprooch an där de Roman verfaasst ass, ass e Sujet an dësem Gespréich.

An dësem Wierk léiert een d'Geschicht vu fënnef Generatiounen am Wandel vun der Zäit tëschent 1905 an 2005 kennen. Wéi en Afloss huet d'Kierch, hunn déi zwee Weltkricher an och d'Industrialiséierung vum Minett op Dierfer, op Familljen, op déi eenzel Mënschen.

Déi éischt Fro, déi d'Valerija Berdi dem Jemp Schuster gestallt huet, ass dann och, wéi et dozou komm ass, grad elo dëse Roman ze schreiwen.