Radioen

On air

Espresso Beats  |  Artemas - I Like The Way You Kiss Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alix Garin - Ne m'oublie pas

Gezeechent

Alix Garin - Ne m'oublie pas

Bei "Gezeechent" stelle mir Iech haut den Debut vun der Belscher Zeechnerin Alix Garin vir. "Ne m'oublie pas" heescht d' BD, déi bei "Le Lombard" erauskomm ass, a vun den Relatioun tëschent enger jonker Fra an hirer dementer Grousmamm erzielt. Jeff Thoss, wat erwaart de Lieser hei fir eng Geschicht?

auto_stories

2 min

"Ne m'oublie pas", der belscher Zeechnerin Alix Garin hiren Debut erzielt d'tragikomesch Geschicht vun der Relatioun tëschent enger jonker Fra an hirer dementer Groussmamm. D'Schauspillstudentin Clémence besicht am Altersheem reegelméisseg d'Marie-Louise, déi un Alzheimer erkrankt ass, hir Enkelin dacks net erkennt an an hirem Kapp mengt, datt si selwer nach e Kand ass.

D'Heldin ass net d'accord mat der Situatioun vu hirer Groussmamm an decidéiert an engem spontanen Akt vun der Rebellioun d'Marie-Louise ze entféieren a mat hir am Auto bis bei d'Haus un der franséischer Atlantikküst ze fueren, an deem si opgewuess ass.

De Gros vun der BD spillt dann op der Rees dohin - eng ongewëss Rees, well keen dorop preparéiert ass an u sech och net weess, ob et dat Haus iwwerhaapt nach gëtt.

Dee Wee ass d'Zil

D'Alix Garin verbënnt hei vill konventionell Elementer vum Road Movie a gewënnt sécherlech kee Präis an der Kategorie Originalitéit. Mee, wéi dat am Road Movie och de Fall ass, ass de Wee d'Zil. D'Stäerkt vun der Zeechnerin ass et, d'Evolutioun vun de Figuren an hirer Relatioun ze observéieren an a Biller ze verwandelen.

Et ass am grousse Ganzen eng duuss BD mat duusse Pastellfaarwen a mat enger dynamescher Linn, déi grad bei de Figure ganz expressiv ass an hir Emotioune mat ville Facetten duerstelle kann.

"Ne m'oublie pas" ass kee Buch, dat d'Rad nei erfënnt, huet awer eng gutt Mëschung ze bidden aus witzege Momenter, aus méi touchanten Zeenen, aus enger liichter Sozialkritik un der Aart a Weis, wéi eis Gesellschaft mat ale, kranke Mënschen ëmgeet, an aus enger Zort Bildungsroman, wat d'psychologesch Entwécklung vun der Heldin ugeet.

Dat gëtt gekonnt presentéiert, mat Biller, déi d'Atmosphär an d'Charaktere gutt eriwwerbréngen, an domat bitt der Alix Garin hir BD gewëssermoossen eng gutt Summerlektür.